Cyclissem-WMHagenes ass Junior-Weltmeeschter, Arno Wallenborn beschte Lëtzebuerger

RTL Lëtzebuerg
An der Juniore-WM am Cyclissem gouf e Freideg de Moien eng Course vun 121,4 Kilometer vu Louvain op Louvain gefuer.
Den Arno Wallenborn war als gudde 14. dee beschte Lëtzebuerger.
Den Arno Wallenborn war als gudde 14. dee beschte Lëtzebuerger.
© RTL (Archiv)

Hei war den Norweger Per Strand Hagenes dee séiersten, dat mat 2 Stonnen, 43 Minutten an 48 Sekonnen. Komplettéiert gëtt de Podium vum Fransous Romain Grégoire a vum Est Madis Mihkels.

Den Arno Wallenborn war als gudde 14. dee beschte Lëtzebuerger. Hien ass mat engem Retard vu 24 Sekonnen op den neie Weltmeeschter iwwert d’Ligne d’Arrivée gefuer. De Mathieu Kockelmann an den Alexandre Kess sinn als 55. respektiv 69. ukomm. Si haten allebéid ee Retard vun 8 Minutte 26 op den Hagenes. Fir de Mil Morang war scho méi fréi Schluss, hien ass net am Zil ukomm.

Top10

1 HAGENES Per Strand - Norwegen 2:43:48
2 GRÉGOIRE Romain - Frankräich 0:19
3 MIHKELS Madis - Estland 0:24
4 SVRČEK Martin - Slowakei ,,
5 HAJEK Alexander - Éisträich ,,
6 MORGADO António - Portugal ,,
7 OIOLI Manuel - Italien ,,
8 VAN MECHELEN Vlad - Belsch ,,
9 POOLE Max - Groussbritannien ,,
10 LÜHRS Luis-Joe - Däitschland ,,
...
14 WALLENBORN Arno 0:24
55 KOCKELMANN Mathieu 8:26
69 KESS Alexandre ,,
MORANG Mil --

Back to Top
CIM LOGO