De Gravelbike gewënnt ëmmer méi u Popularitéit, an och zu Lëtzebuerg. An der Preparatioun op d'Weltmeeschterschaften nächste Weekend an Australien hat den CTT Kayldall eng flott Course duerch d'Wéngerte ronderëm Réimech organiséiert.
Dës Course gouf op Initiativ vum fréiere Cyclocross-Spezialist Laurent Wack organiséiert a soll zu engem feste Rendez-vous am Gravel-Kalenner ginn. Se ass och schonn am Gespréich, fir an den UCI-Kalenner fir d'Joer 2027 opgeholl ze ginn.
Iwwer zwee Deeg hate sech 200 Coureuren a Vëlosbegeeschterter fir déi éischt Editioun ageschriwwen. E Samschdeg war d'Rondonnée an e Sonndeg stoungen zwou Courssen iwwer knapp 60 an 90 Kilometer um Programm.
Mat vun der Partei war och de fréiere Cyclocross-Weltmeeschter bei den U23 aus dem Joer 2002, den Enrico Franzoi. Den haut 44 Joer alen Italieener war an der 60-km-Course op déi zweet Plaz komm, hannert dem Joni Rodrigues.
D'Course iwwer 90 Kilometer gouf vum Tim Diederich gewonnen. Hie konnt sech fréi vu senge Konkurrenten ofsetzen, och vum Lëtzebuerger Gravel-Champion bei de Masters, dem Pol Weisgerber. Seng Avance sollt duergoen, fir dass sech den Diederich um Enn iwwer d'Victoire freeë konnt.
Bei den Damme goung eng souverän Victoire un d’Hanne van Looke, déi am August op de Gravel-Europameeschterschaften nach op déi 23. Plaz gefuer war. Hannert hier koum d’Maïté Barthels an d'Zil.