
... an do haten d’Coureuren ee wallonnéierte Parcours viru sech mat 4 Montéeë vun der 4. respektiv 3. Kategorie - donieft goufen et 2 Tëschesprinter.
Koum den Arthur Kluckers e Sonndeg nach op déi 16. Plaz, ass et e Méindeg fir de Lëtzebuerger fir eng 17. Positioun op annerhallef Minutten duergaangen - de Michel Ries koum als 44. zäitgläich un. De Maxime Weyrich koum iwwerdeems als 102. op iwwer 15 Minutten un. De Cédric Pries a Colin Heiderscheid haten als 128. respektiv 129. ee Retard vun iwwer 25 Minutten.
De Morten Hulgaard, Robin Froideveaux, Ben Healy a Matteo Jorgenson konnte sech aus dem Peloton ofsetzen an haten och nach 12 Kilometer virun der Arrivée ee Virsprong vun annerhallef Minutt. Aus dësem Grupp eraus huet den Healy den Tempo forcéiert an am beschte vum Quartett ausgesinn.
Ënnert der Flamme Rouge erduerch war den Ir dee Stäerksten an huet sech géint den Hulgaard a Jorgenson behaapt. De Simon Guglielmi konnt iwwerdeems de Maillot Jaune verdeedegen.