Vuelta ciclista a España: 6. EtappHerrada wënnt aus Echappée eraus, Teuns neie Leader

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch goung et op der 6. Etapp vun der Vuelta iwwer 199 Kilometer vu Mora de Rubielos op Ares del Maestrat.
© pressphoto (Archiv)

Op der 6. Etapp an der Vuelta huet de Jesus Herrada sech d’Victoire geséchert. De Coureur vun der Ekipp Cofidis war an der Echappée vum Dag vertrueden an huet sech no 199 Kilometer uewen aus zu Ares del Maestrat virum Dylan Teuns duerchgesat.

Am General iwwerhëlt elo den Dylan Teuns d’Victoire. De Belsch huet e Virsprong vun 38 Sekonnen op den David de la Cruz.

De Jempy Drucker an den Alex Kirsch sinn als 113. respektiv 114. op 14 Minutten an 32 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer.
De Jempy Drucker an den Alex Kirsch sinn als 113. respektiv 114. op iwwer 14 Minutten iwwert d’Arrivée gefuer. Am General ass de Kirsch den 129 op knapp 43 Minutten an den Drucker ass den 146. op iwwer 49 Minutten.

Wéinst Chutten hunn de Rigoberto Uran an den Nicholas Roche missen opginn. Den Tejay van Garderen ass och gefall an huet um Donneschdeg iwwer 24 Minutte verluer. Am General ass hien op déi 79. Plaz zeréckgefall.

Resumé
Op der 6. Etapp ass et iwwert 199 Kilometer vu Mora de Rubielos op Ares del Maestrat gaangen. An der éischter Stonn gouf et ëmmer nees Attacken, ma eréischt no 50 Kilometer huet sech e Spëtzegrupp ofgesat. An dësem waren 11 Coureure vertrueden: David de la Cruz (Team Ineos), Gianluca Brambilla (Trek-Segafredo), Jesus Herrada (Cofidis), Dylan Teuns (Bahrain-Merida), Pawel Poljanski (Bora-Hansgrohe), Dorian Godon (AG2R La Mondiale), Tejay Van Garderen (EF Education First), Bruno Armirail (Groupama-FDJ), Nelson Oliveira (Movistar Team), Tsgabu Grmay (Mitchelton-Scott) a Robert Gesink (Jumbo-Visma).

De Peloton huet der Echappé e maximale Virsprong vu knapp 4 Minutten an 30 Sekonnen zougestanen.

28 Kilometer virun der Arrivée huet de Grmay an der zweetleschter Schwieregkeet vum Dag, engem Bierg vun der 3. Kategorie, attackéiert a konnt sech aus dem Spëtzegrupp ofsetzen. 17Kilometer viru Schluss ass den Oliveira bei hie bäigefuer. Den Duo un der Spëtzt huet e Virsprong vun 30 Sekonnen mat an d’Schlussmontée (7,9 km, 5 %) geholl.

3 Kilometer virun der Arrivée sinn den Teuns an den Herrada vun hanne bei den Duo un der Spëtzt bäigefuer an hunn de Grmay an den Oliveira stoegelooss, fir d’Victoire um Enn ënnert sech auszemaachen. 200 Meter virum wäisse Stréch huet den Herrada nach emol acceleréiert a sech uewenaus zu Ares del Maestrat d’Victoire geséchert. Den Teuns ass deen Zweete ginn.

Am General iwwerhëlt elo den Dylan Teuns d’Victoire. De Belsch huet e Virsprong vun 38 Sekonnen op den David de la Cruz. De Jempy Drucker an den Alex Kirsch sinn als 113. respektiv 114. op iwwer 14 Minutten iwwert d’Arrivée gefuer. Am General ass de Kirsch den 129 op knapp 43 Minutten an den Drucker ass den 146. op iwwer 49 Minutten.

Wärend der Etapp gouf et e puer Chutten. Ënnert anerem huet et den Davide Formolo, den Tejay van Garderen, de Rigoberto Uran an den Nicolas Roche getraff. Den Uran an de Roche waren no hire Chutte gezwongen, fir opzeginn. Den Tejay van Garderen huet wéinst senger Chute um Donneschdeg iwwer 24 Minutte verluer. Am General ass hien op déi 79. Plaz zeréckgefall.

Top10 vun der 6. Etapp

1 Jesus HERRADA 4h 43' 55'’
2 D. TEUNS + 00' 07'’
3 D. GODON + 00' 21'’
4 R. GESINK + 00' 21'’
5 B. ARMIRAIL + 00' 37'’
6 P. POLJANSKI + 00' 39'’
7 N. OLIVEIRA + 00' 45'’
8 G. BRAMBILLA + 00' 47'’
9 D. DE LA CRUZ + 00' 50'’
10 T. GRMAY + 02' 35'’

Generalklassement

1 D. TEUNS 23h 44' 00'’
2 D. DE LA CRUZ + 00' 38'’
3 M. LOPEZ MORENO + 01' 00'’
4 P. ROGLIC + 01' 14'’
5 N. QUINTANA + 01' 23'’
6 R. GESINK + 01' 23'’
7 A. VALVERDE + 01' 28'’
8 J. CHAVES + 02' 17

Back to Top
CIM LOGO