Critérium du Dauphiné: 1. EtappImpressionant Victoire fir de Brent Van Moer

RTL Lëtzebuerg
Den 23 Joer ale Belsch kann déi 1. Etapp en solitär fir sech entscheeden. De Michel Ries an de Kevin Geniets hu fréizäiteg misse lassloossen.
© AFP

Op der 1. Etapp vum Critérium du Dauphiné ass et e Sonndeg fir d’Coureuren iwwer 182 Kilometer vun Issoire op Issoire gaangen. Ganzer 7 Koppe vun der 3. an der 4. Kategorie stounge beim Optakt um Rendez-vous. An der zweetleschter Kopp vum Dag konnt sech de Brent Van Moer vu Lotto Soudal vun de Konkurrenten ofsetzen an huet säin tëschenzäitleche Virsprong vun enger Minutt bis an Zil gerett. Op déi 2. Plaz fiert de Sonny Colbrelli. Drëtte gëtt de Clément Venturini.

Mam Kevin Geniets a Michel Ries sinn och 2 Lëtzebuerger um Depart vun der wichteger Preparatiounscourse fir den Tour de France. De Kevin Geniets huet misse ronn 15 km virun der Arrivée lassloossen, a kënnt mat engem Retard vu 4 Minutten a 36 Sekonnen am Zil als 107. un. De Michel Ries huet schonns méi frei net méi den Uschloss zum Peloton konnten halen a klasséiert sech als 138.

De Resumé vun der 1. Etapp

Brent Van Moer mat 1. Victoire am Dauphiné
De Kevin Geniets an de Michel Ries hu fréizäiteg misse lassloossen a klasséiere sech um Enn op de Plazen 107 an 138.

D’Top10

1 BRENT VAN MOER (LOTTO SOUDAL) 04H 13' 00'’
2 SONNY COLBRELLI (BAHRAIN VICTORIOUS) + 00H 00' 25'’
3 CLEMENT VENTURINI (AG2R CITROEN TEAM) + 00H 00' 25'’
4 JASPER STUYVEN (TREK - SEGAFREDO) + 00H 00' 25'’
5 KADEN GROVES (TEAM BIKEEXCHANGE) + 00H 00' 25'’
6 NILS POLITT (BORA - HANSGROHE) + 00H 00' 25'’
7 MICHAL KWIATKOWSKI (INEOS GRENADIERS) + 00H 00' 25'’
8 KASPER ASGREEN (DECEUNINCK - QUICK - STEP) + 00H 00' 25'’
9 ALEX ARANBURU DEBA (ASTANA - PREMIER TECH) + 00H 00' 25'’
10 ALEJANDRO VALVERDE (MOVISTAR TEAM) + 00H 00' 25'’

107 KÉVIN GENIETS (GROUPAMA - FDJ) 0:04:36
138 MICHEL RIES (TREK - SEGAFREDO) 0:14:59

De General

1 BRENT VAN MOER (LOTTO SOUDAL) 4:12:49
2 SONNY COLBRELLI (BAHRAIN VICTORIOUS) 0:00:30
3 CLEMENT VENTURINI (AG2R CITROEN TEAM) 0:00:32
4 PATRICK GAMPER (BORA - HANSGROHE) 0:00:33
5 JASPER STUYVEN (TREK - SEGAFREDO) 0:00:36
6 KADEN GROVES (TEAM BIKEEXCHANGE) 0:00:36
7 NILS POLITT (BORA - HANSGROHE) 0:00:36
8 MICHAL KWIATKOWSKI (INEOS GRENADIERS) 0:00:36
9 KASPER ASGREEN (DECEUNINCK - QUICK - STEP) 0:00:36
10 ALEX ARANBURU DEBA (ASTANA - PREMIER TECH) 0:00:36

107 KÉVIN GENIETS (GROUPAMA - FDJ) 0:04:47
138 MICHEL RIES (TREK - SEGAFREDO) 0:15:10

Back to Top
CIM LOGO