
En Donneschdeg stoungen 177,5 Kilometer tëscht Communidad de Madrid. Colmenar Viejo a Becerril de la Sierra um Programm. D’Victoire op der 18. Etapp war um Enn fir de Sergio Higuita. De Kolumbianer war an der Echappée vum Dag vertrueden a konnt sech no gutt 40 Kilometer eleng un der Spëtzt en solitaire duerchsetzen. Mat engem Retard vu 15 Sekonne sinn de Primoz Roglic, den Alejandro Valverde an de Rafal Majka als 2., 3. an 4. ukomm. Fir de Miguel Angel Lopez war et e Retard vu 17 Sekonnen. De Quintana an den Tadej Pgacar hun 1 Minutt a 16 Sekonne verluer.
Am General bleift de Roglic un der Spëtzt. Hien huet e Virsprong vun 2 Minutten a 50 Sekonnen op de Valverde. De Quintana ass elo den 3. op 3 Minutten an 31 Sekonnen an de Lopez de 4. op 4 Minutten a 17 Sekonnen.
De Jempy Drucker an den Alex Kirsch sinn als 136. respektiv 147. op iwwer 27 Minutten iwwert d’Arrivée gefuer. Am General leien d’Lëtzebuerger op de Plazen 122 an 130 op knapp 4 Stonnen.
4 Bierger vun der 1. Kategorie stoungen en Donneschdeg op der 18. Etapp vun der Vuelta um Programm. Déi lescht Schwieregkeet vum Dag huet eng 40 Kilometer virun der Arrivée gewaart.
Wéi schonn déi lescht Deeg, ass et och en Donneschdeg nees ganz séier lassgaangen an déi éischt Attacken hunn net laang op sech waarde gelooss. No gutt 30 Kilometer war et de Wout Poels vun der Ekipp Ineos, dee sech eleng un d’Spëtzt konnt setzen. No an no si weider Coureure bei hie bäigefuer, sou datt eng Echappée vun 13 Coureure sech forméiert huet.
60 Kilometer virun der Arrivée gouf d’Etapp richteg lancéiert. De Miguel Angel Lopez huet attackéiert. De Mann am roude Maillot Primoz Roglic an och déi aner topplacéiert Coureure hunn e puer Kilometer gebraucht, fir de Lopez anzefänken, 40 Kilometer virun der Arrivée ass hinnen dëst awer gelongen. Den Tempo am Grupp war duerno ganz héich an et gouf ëmmer nees Attacke vum Lopez, deen näischt onversicht gelooss huet, fir awer villäicht nach Zäit a Plazen am General gutt ze maachen. Duerch dës Tempoverschäerfungen ass de Grupp mat de Favoritte lues a lues méi kleng ginn an et gouf och Coureur ëm Coureur aus der Echappée vum Dag agefaangen.
24 Kilometer virun der Arrivée, um Sommet vum leschte Bierg, war nëmmen nach de Sergio Higuita un der Spëtzt iwwreg. Hien hat deen Ament e Virsprong vu 40 Sekonnen op de Primoz Roglic, den Alejandro Valverde, de Miguel Angel Lopez an de Rafal Majka. Mat engem Retard vun 1 Minutt an 20 Sekonnen ass den Tadej Pogacar iwwert d’Kopp gefuer. Puer Sekonnen hannert him sinn den Nairo Quintana, de Carl Fredrik Hagen an de Louis Meintjes komm.
De Sergio Higuita huet et um Enn fäerdeg bruecht, fir säi Virsprong bis op d’Arrivée ze retten an esou gewënnt hien déi 18. Etapp en solitaire. Gutt 40 Kilometer war hien eleng un der Spëtzt gefuer. Mat engem Retard vu 15 Sekonne sinn de Primoz Roglic, den Alejandro Valverde an de Rafal Majka ukomm. Fir de Miguel Angel Lopez war et e Retard vu 17 Sekonnen. De Quintana an den Tadej Pgacar hun 1 Minutt a 16 Sekonne verluer.
Am General bleift de Roglic un der Spëtzt. Hien huet e Virsprong vun 2 Minutten a 50 Sekonnen op de Valverde. De Quintana ass elo den 3. op 3 Minutten an 31 Sekonnen an de Lopez de 4. op 4 Minutten a 17 Sekonnen.
De Jempy Drucker an den Alex Kirsch sinn als 136. respektiv 147. op iwwer 27 Minutten iwwert d’Arrivée gefuer. Am General leien d’Lëtzebuerger op de Plazen 122 an 130 op knapp 4 Stonnen.
1 Sergio Higuita (Col) EF Education First 4:33:09
2 Primoz Roglic (Slo) Team Jumbo-Visma 0:00:15
3 Alejandro Valverde (Spa) Movistar Team
4 Rafal Majka (Pol) Bora-Hansgrohe
5 Miguel Angel Lopez (Col) Astana Pro Team 0:00:17
6 Carl Fredrik Hagen (Nor) Lotto Soudal 0:01:16
7 Louis Meintjes (RSA) Dimension Data
8 Nairo Quintana (Col) Movistar Team
9 Tadej Pogacar (Slo) UAE Team Emirates
10 Oscar Rodriguez Garaicoechea (Spa) Euskadi Basque Country-Murias 0:03:47
1 Primoz Roglic (Slo) Team Jumbo-Visma 71:16:54
2 Alejandro Valverde (Spa) Movistar Team 0:02:50
3 Nairo Quintana (Col) Movistar Team 0:03:31
4 Miguel Angel Lopez (Col) Astana Pro Team 0:04:17
5 Tadej Pogacar (Slo) UAE Team Emirates 0:04:49
6 Rafal Majka (Pol) Bora-Hansgrohe 0:07:46
7 Wilco Kelderman (Ned) Team Sunweb 0:09:46
8 Carl Fredrik Hagen (Nor) Lotto Soudal 0:11:50
9 James Knox (GBr) Deceuninck-QuickStep 0:12:44
10 Marc Soler (Spa) Movistar Team 0:21:09