An dëser ganz spezieller Saison wousst de Lëtzebuerger besonnesch am zweeten Deel vum August sech ëmmer nees an Zeen ze setzen an huet mat enger 5. Plaz bei Brugge de Panne nach emol eng gutt Visittekaart ofginn.
Mat 34 Joer gehéiert de Jempy Drucker net méi zu deene ganz jonke Sportler am Profisport, besonnesch an de groussen Etappecourse schéngt sech ze weisen, datt Coureuren ugangs 20 elo scho kapabel sinn, dës ze gewannen. Dat ass bei de Pawee-Klassiker awer nach e bëssen anescht.
Am Moment ginn et nach vill Onsécherheeten, wéi d’Ekippen an der neier Saison wäerten ausgesinn. De Jempy Drucker bleift awer optimistesch.
An den nächsten Deeg oder Woche misst dann déi definitiv Decisioun iwwer dem Jempy Drucker seng sportlech Zukunft falen.