
E Samschdeg de Moien huet d’Lëtzebuerger Vëlosfederatioun an engem Schreiwes matgedeelt, datt de Jempy Drucker Enn September net un den Depart vun der Weltmeeschterschaft a Groussbritannien ka goen. Fir hie réckelt den Tom Wirtgen an de Kader.
De Jempy Drucker war e Freideg op der 19. Etapp vun der Vuelta an eng gréisser Chute verwéckelt. Wéinst enger déiwer Wonn um Ielebou huet hien no der Arrivée missen opginn. De Weekend nach gëtt de Jempy Drucker zu Hamburg operéiert. Dëst ass néideg, well déi Wonn nëmmen esou ka richteg propper gemaach ginn.
De Jempy Drucker dierft dës Saison a kenger gudder Erënnerung behalen. Am Abrëll hat hie sech bei Dwars door Vlaanderen een Halswirbel gebrach a war duerno e puer Méint ausgefall. Eréischt Ufank August hat hie säi Comeback zu London gefeiert, ma elo muss hien dann eng weider Kéier eng Paus maachen.