U-23 Weltmeeschterschaft am CyclissemJohan Price Pejtersen ass Weltmeeschter, Arthur Kluckers beschte Lëtzebuerger

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie gouf déi 87. U-23 Weltmeeschterschaft am Cyclissem iwwer 30,3 Kilometer vu Knokke op Bruges gefuer.
© AFP

Den Arthur Kluckers kënnt op déi 41. Plaz mat engem Retard vun 2 Minutten a 17 Sekonnen op den neie Weltmeeschter Johan Price Pejtersen. Den Dän ass de Parcours a 34 Minutten an 29 Sekonne gefuer. Den zweete Lëtzebuerger, de Loïc Bettendorf, huet als 52. 3 Minutten an 32 Sekonne Retard.

De Podium gëtt komplettéiert vum Lucas Plapp aus Australien (op 10 Sekonnen) a vum Florian Vermeersch (op 11 Sekonnen) aus der Belsch. Fir déi dänesch Delegatioun ass et eng ganz emotional Victoire. E Sonndeg war jo de fréiere Profi an Expert bei der dänescher Tëlee Chris Anker Sörensen bei der Reconnaissance vum Parcours, bei engem Accident ëm d’Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO