Bei den Dammen ass et iwwer 141,4 km vun Ieper op Wevelgem gaangen. Um Enn konnt sech déi Belsch Coureurin Jolien d’Hoore virun hirer Landsfra Lotte Kopecky duerchsetzen. Op déi 3. Plaz koum déi Däitsch Lisa Brennauer.
Mat engem Retard vun 8 Sekonnen kënnt d’Christine Majerus op déi gutt 12. Plaz.
Bei den Hären huet de Mads Pedersen d’Course gewonnen. De Jempy Drucker ass de staarke 15. ginn.
1 d’Hoore Jolien Boels - Dolmans Cycling Team
2 Kopecky Lotte Lotto Soudal Ladies
3 Brennauer Lisa Ceratizit-WNT Pro Cycling
4 Roy Sarah Mitchelton-Scott
5 Cavalli Marta Valcar - Travel & Service
6 Stephens Lauren Team TIBCO - SVB
7 Vollering Demi Parkhotel Valkenburg
8 Deignan Elizabeth Trek-Segafredo Women
9 Pieters Amy Boels - Dolmans Cycling Team
10 Longo Borghini Elisa Trek-Segafredo Women