Gent-Wevelgem: HärecourseVictoire fir Mads Pedersen, Jempy Drucker klasséiert sech als 15.

RTL Lëtzebuerg
Aus dem Spëtzegrupp eraus war de Mads Pedersen (Trek-Segafredo) am Sprint de Stäerksten a wënnt virum Florian Sénéchal an dem Matteo Trentin.
Cyclissem Video News
Bei den Hären huet den Mads Pedersen gewonnen a bei den Damme war d’Victoire fir d’Jolien d’Hoore.

An enger schwéierer Course ass et iwwer 232,5 km vun Ieper op Wevelgem gaangen. Um Enn war de Mads Pedersen de Stäerksten aus dem Spëtzegrupp eraus a konnt sech virum Florian Senechal an dem Matteo Trentin duerchsetzen.

De Jempy Drucker gëtt de staarke 15. op 2 Minutten a 4 Sekonnen.

Bei den Dammen huet sech d’Jolien d’Hoore d’Victoire geséchert. D’Christine Majerus ass op déi staark 12. Plaz gefuer.

De Resumé

Am Ufank vun der Course war et eng Echappée, déi sech e Virsprong konnt erausfueren, mee am Peloton war et haaptsächlech Jumbo-Visma an Ineos déi dofir gesuergt hunn, datt de Virsprong net ze grouss ginn ass. Sou waren et 80 km virun der Arrivée just nach knapps 2 Minutten.

Opgrond vun Wand ass de Peloton ausernee gefuer an et hu sech e puer Gruppe gebilt. 66 km virun der Arrivée gouf d’Echappée agefaangen an elo waren 30 Coureuren un der Spëtzt mat ënner anerem dem Pedersen, Van der Poel, Küng, Trentin, Van Aert, Teunissen, Stybar a Kristoff.

Mee och dëse Grupp ass dono nees ausernee gefuer an 30 km virun der Arrivée waren et folgend Coureuren, déi un der Spëtzt waren an d’Course vun do u bestëmmt hunn: Asgreen, Lampaert, Senechal, Degenkolb, Florian Vermeersch, Teuns, Trentin, Bettiol, Vanmarcke, Van Aert, Teunissen, Rowe, Pedersen an Van der Poel. An dëse Grupp hat 20 km virun der Arrivée e Virsprong vun iwwer enger Minutt op d’Verfolger wou och de Jempy Drucker mat dra war.

Et konnt dann och soss kee méi op dëse Grupp opschléissen an dës konnten de Gewënner ënnert sech ausmaachen. Am Sprint war de Mads Pedersen (Trek-Segafredo) de Stäerksten a konnt sech duerchsetzen.

De Jempy Drucker ass um Enn als 15. op ronn 2 Minutten iwwert d’Arrivée gefuer.

D’Top10

1 Mads Pedersen (Den) Trek-Segafredo
2 Florian Senechal (Fra) Deceuninck-Quickstep
3 Matteo Trentin (Ita) CCC Team
4 Alberto Bettiol (Ita) EF Pro Cycling
5 Stefan Küng (Swi) Groupama-FDJ
6 John Degenkolb (Ger) Lotto Soudal
7 Yves Lampaert (Bel) Deceuninck-Quickstep
8 Wout van Aert (Bel) Team Jumbo-Visma
9 Mathieu Van der Poel (Ned) Alpecin-Fenix
10 Dylan Teuns (Bel) Bahrain McLaren

Back to Top
CIM LOGO