
Hie war vun 1988 bis 2001 President vum Tour de Luxembourg an hat e groussen Undeel un der Popularitéit vum Tour duerch eist Land. Nom Scuri war de Frank Zeimet President ginn. Virun 3 Joer dunn huet den Andy Schleck d’Presidentschaft vum Tour duerch Lëtzebuerg vum Zeimet iwwerholl.