Léck-Baaschtnech-LéckJulian Alaphilippe an Ilan Van Wilder bei Massecrash schwéier blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Bei der 108. Editioun vum Klassiker Léck-Baaschtnech-Léck gouf et eng 60 Kilometer virun der Arrivée eng uerg Chute am Peloton.
© AFP

An enger Descente knapp 60 Kilometer virun der Arrivée huet eng Chute vun engem Coureur fir eng gréisser Kettereaktioun am Peloton gesuergt. Vill Coureure waren e Sonndeg an d’Chute beim Klassiker Léck-Baaschtnech-Léck verwéckelt. Virun allem de Julian Alaphilippe an den Ilan Van Wilder vun der Ekipp Quick-Step Alpha Vinyl hu sech schwéier blesséiert.

Stonnen no der Course hunn déi Responsabel vun der Ekipp bekannt ginn, datt sech de Van Wilder de Kifer gebrach huet. Den Alaphilippe huet sech zwou Rëpper an d’Schëllerblat gebrach an et gouf een Hämopneumothorax diagnostizéiert. “Säin Zoustand ass stabil, hie muss awer an der Klinick bleiwen”, huet et vun der Ekipp geheescht.

Remco Evenepoel wënnt Léck-Baaschtnech-Léck
Op Plazen 2 an 3 koumen de Quinten Hermans an de Wout van Aert. Bei den Damme war d’Annemiek van Vleuten déi Bescht.

Back to Top
CIM LOGO