Kuurne-Brussel-KuurneKasper Asgreen wënnt en solitaire, 3 Lëtzebuerger am Grupp hannendrun

RTL Lëtzebuerg
Op d'Plazen 2 an 3 koumen den Giacomo Nizzolo aus Italien an den Alexander Kristoff aus Norwegen.
© Deceuninck Quick-Step

En Dag no der Victoire vum Jasper Stuyven bei der 75. Editioun vum Omloop Het Nieuwsblat goung et e Sonndeg traditionell mat enger weiderer Eendagescourse a Flandere weider: Kuurne-Brussel-Kuurne.

Insgesamt 201 Kilometer mat 11 Montéeën an zum Schluss nach eng Ronn vu 15 Kilometer ronderëm Kuurne hunn op d’Coureure gewaart. Mat dobäi waren dëst Joer och véier Lëtzebuerger: de Jempy Drucker (Bora-Hansgrohe), de Bob Jungels (Deceuninck-Quick-Step), den Tom Wirtgen (Trek-Segafredo) an de Kevin Geniets (Groupama - FDJ).

Den Coequipier vum Bob Jungels, de Kasper Asgreen, konnt op de leschten Hektometer géint de Peloton resistéieren a sech zu Kuurne als grousse Vainqueur presentéieren. Op d’Plazen 2 an 3 koumen den Giacomo Nizzolo aus Italien an den Alexander Kristoff aus Norwegen.

Dräi Lëtzebuerger - Drucker (16.), Geniets (45.) a Jungels (55.) - sinn dann och mam éischte grousse Grupp op 3 Sekonnen hannert dem Gewënner iwwer d’Ligne d’Arrivée gefuer. Den Tom Wirtgen hat als 81. e Retard vun iwwer 6 Minutten. De Jempy Drucker huet seng gutt Form op en Neits kënne mat enger 16. Plaz am Sprint ënner Beweis stellen. De Bob Jungels huet iwwerdeems gutt fir säi Coequipier geschafft.

Cyclissem Video News
Cyclissem Video News

Resumé vun der Course

Et konnt ee virun allem op d’Leeschtung vum Bob Jungels gespaant sinn. De Lëtzebuerger Champion hat Kuurne-Brussel-Kuurne jo d’lescht Joer gewonnen a wollt och beim Ausgang vun der Editioun 2020 e Wiertche matschwätzen. D’A waren awer och op de Jempy Drucker geriicht, deen e Samschdeg gudden 12. beim Omloop Het Nieuwsblat gouf.

Vun Ufank u konnt ee sech also op eng taktesch Course astellen, 50 Kilometer virun Enn war d’Feld wäit ausernee gezunn an e puer Gruppe waren eenzel op der Streck verstreet. Am Grupp hannert dem Spëtzegrupp vu 4 Mann war de Jempy Drucker mat ënnerwee, eng 35 Kilometer virun der Ligne d’Arrivée huet de Bob Jungels mat senger Ekipp am Peloton hannendrun op den Tempo gedréckt.

30 Kilometer waren nach ze fueren, wéi et housch: Echappée terminée! D’Kaarte goufen nei gemëscht. Ee Coureur ass op déi lescht 10 Kilometer gaangen: den Dän Kasper Asgreen. Do hannendrun huet sech awer de Peloton - mat Jungels, Drucker a Geniets - forméiert a sech op d’Finall virbereet. Alles huet no engem Sprint ausgesinn.

Allerdéngs hat de Kasper Asgreen wuel nach e puer Kären iwwereg. Den Dän huet, änlech wéi de Bob Jungels zejoert, en Numero op de leschte Kilometer kënne realiséieren, fir schliisslech en solitaire zu Kuurne iwwer d’Ligne d’Arrivée ze fueren. Den Dän konnt deemno resistéieren a sech domat d’Victoire vum 2. wichtege Belsch-Klassiker vun der Saison sécheren.

© Deceuninck Quick-Step

Am Sprint vum Peloton goung et deemno just nach ëm d’Éiereplazen. Op d’Plazen 2 an 3 koumen den Giacomo Nizzolo aus Italien an den Alexander Kristoff aus Norwegen. De Jempy Drucker war als 16. vir mat dobäi. Déi 3 Lëtzebuerger am Peloton sinn alleguerten zäitgläich op 3 Sekonnen zu Kuurne ukomm.

Resultater am Iwwerbléck

1 ASGREEN Kasper Deceuninck - Quick Step 4:47:18
2 NIZZOLO Giacomo NTT Pro Cycling 0:03
3 KRISTOFF Alexander UAE-Team Emirates ,,
4 JAKOBSEN Fabio Deceuninck - Quick Step ,,
5 STUYVEN Jasper Trek - Segafredo ,,
6 HOFSTETTER Hugo Israel Start-Up Nation ,,
7 COLBRELLI Sonny Bahrain - McLaren ,,
8 SWIFT Ben Team INEOS ,,
9 VAN GESTEL Dries Team Total Direct Energie ,,
10 ROELANDTS Jürgen Movistar Team ,,
...
16 DRUCKER Jempy BORA - hansgrohe ,,
...
45 GENIETS Kevin Groupama - FDJ ,,
...
55 JUNGELS Bob Deceuninck - Quick Step ,,
...
81 WIRTGEN Tom Bingoal - Wallonie Bruxelles 6:31

Back to Top
CIM LOGO