Bei der 75. Editioun vum Omloop Het Nieuwsblad stoungen insgesamt net manner ewéi 200 Kilometer um Programm. Mat um Depart ware mam Bob Jungels, Alex Kirsch, Jempy Drucker a Kevin Geniets och 4 Lëtzebuerger.
Um Enn konnt sech de Jasper Stuyven d’Victoire sécheren. De Belsch huet sech am Sprint viru sengem Landsmann Yves Lampaerts duerchgesat. Op déi drëtte Plaz ass den Dän Sören Kragh Andersen gefuer. Hien hat e Retard vu 6 Sekonnen.
De Jempy Drucker huet eng staark Leeschtung gewisen. Trotz engem Platten huet de Lëtzebuerger bis déi lescht Kilometer mat vir matgemëscht. De Profi vu Bora-hansgrohe klasséiert sech no 200 Kilometer als 12. op 1 Minutt an 28 Sekonnen. De Bob Jungels gëtt den 32. op 2 Minutten an 20 Sekonnen. Fir den Alex Kirsch ass et déi 45. Plaz op 6 Minutten. De Kevin Geniets ass d’Course net op en Enn gefuer.
Fréi an der Course konnt sech ee 5-Mann-staarke Grupp vun Peloton ofsetzen. An dësem Grupp waren de Senne Leysen (Alpecin-Fenix), de Mathijs Paasschens (Bingoal-WB), de Manuele Boaro (Astana Pro Team), de Lluís Mas (Movistar Team) an de Matteo Jorgenson (Movistar Team).
Duerch de staarke Wand hat de grousse Grupp Schwieregkeeten zesummen ze bleiwen. De Spëtzegrupp konnt sech iwwerdeems net behaapten a gouf erëm agefaangen. Ëmmer erëm hu Coureure probéiert, sech ofzesetzen, ënnert anerem de Greg van Avermaet, ma dës Attacke bloufen awer ouni Erfolleg.
Aus Lëtzebuerger Siicht gouf et direkt 2 kleng Schockmomenter, dëst well de Jempy Drucker duerch ee Platten den Uschloss verluer hat an den Alex Kirsch no ronn 125 Kilometer an eng Chute verwéckelt war. Nom Schock konnt de Lëtzebuerger hei allerdéngs weiderfueren.
Eng villverspriechend Attack gouf et duerno aus dem Feld eraus, a sou konnt sech ee Grupp vu 7 Coureuren un d’Spëtz setzen. Hei war ënnert anerem de Matteo Trentin mat dobäi. De Grupp hat excellent harmonéiert, a sou konnte si sech bis 50 Kilometer virun der Arrivée eng Avance vu gutt 2 Minutten erausfueren.
20 Kilometer virun der Arrivée war et dem Spëtzegrupp weiderhi gelongen, d’Spëtzt ze behaapten, och wann d’Avance liicht geschrumpft war, dëst op 1 Minutt a 40 Sekonnen op de Peloton.
An der Montée vum Kapelmuur war de 7-Mann grousse Spëtzegrupp dann ausernee gerappt ginn a sou waren et de Lampaert, de Kragh Andersen an de Stuyven, déi sech eleng un d’Spëtzt gesat haten. Bei de Verfolger war et Jempy Drucker iwwerdeems gelonge, bei de Stäerkste matzehalen.
De grousse Grupp huet duerno allerdéngs den Tempo ugezunn a sou konnte si 10 Kilometer virun der Arrivée op ënner 1 Minutt un d’Leaderen erukommen, am um Enn sollte si awer näischt mat der Victoire ze dinn hunn.
Aus dem Spëtzentrio war et um Enn de Stuyven, dee sech virum Lampaert d’Victoire séchere konnt.
De Jempy Drucker huet eng staark Leeschtung gewisen. Trotz engem Platten huet de Lëtzebuerger bis déi lescht Kilometer mat vir matgemëscht. De Profi vu Bora-hansgrohe klasséiert sech no 200 Kilometer als 12. op 1 Minutt an 28 Sekonnen. De Bob Jungels gëtt den 32. op 2 Minutten an 20 Sekonnen. Fir den Alex Kirsch ass et déi 45. Plaz op 6 Minutten. De Kevin Geniets ass d’Course net op en Enn gefuer.
1 Jasper Stuyven (Trek-Segafredo)
2 Yves Lampaert (Deceuninck-Quick-Step)
3 Søren Kragh Andersen (Sunweb)
4 Matteo Trentin (CCC)
5 Tim Declercq (Deceuninck-Quick-Step)
6 Mike Teunissen (Jumbo-Visma)
7 Oliver Naesen (AG2R La Mondiale)
8 Philippe Gilbert (Lotto Soudal)
9 Stefan Küng (Groupama-FDJ)
10 Florian Sénéchal (Deceuninck-Quick-Step)
...
12 DRUCKER Jean-Pierre (LUX) BORA - HANSGROHE 0:01:28
...
32 JUNGELS Bob (LUX) DECEUNINCK - QUICK - STEP 0:02:20
...
45 KIRSCH Alex (LUX) TREK - SEGAFREDO 0:06:00
...
DNF GENIETS Kévin (LUX) GROUPAMA - FDJ