
D’Course vun de Juniorinnen an de Junioren op der Cyclocross Weltmeeschterschaft Enn Januar zu Ostende goufen e Freideg vun de belschen Autoritéite wéinst der Covid-Pandemie ofgesot, dat huet d’UCI, déi international Vëlosfederatioun, matgedeelt.
Aus Lëtzebuerger Siicht huet d’Marie Schreiber an där Alterskategorie zu de Medaile-Kandidate gezielt.
D’Coursse vun den Dammen an den Häre bei der Elite an den Espoire sinn awer wéi virgesinn.