E Sonndeg de Moie goung et ënnert anerem bei den Dammen, wéi och bei de Junioren ëm de Championstitel am Cyclissem. Bei den Dammen (Elite) huet eng weider Kéier d’Christine Majerus gewonnen. Et ass schonn hire 37. Titel.
E Sonndeg de Mëtteg war et dunn d’Course bei der Hären-Elite. 56 Coureure sinn un den Depart vun den 144,8 Kilometer ronderëm Harel gaangen. Fréi an der Course hu sech 4 Leit aus dem Stëbs gemaach. De Jan Petelin, Raphaël Kockelmann, Cédric Pries an de Mik Esser haten e maximale Virsprong vu ronn 2.5 Minutten op de Grupp mat de Favoritten. Si sollten et allerdéngs net bis op d’Arrivée packen.
Déi lescht 8 Kilometer hunn eng 11 Cyclisten, ënnert anerem de Kevin Geniets, den Alex Kirsch, de Michel Ries, d’Gebridder Wirtgen an de Jempy Drucker den Titel ënnert sech ausgemaach. Den Tim Diederich hat kuerz virun der Arrivée eng Avance un 8 Sekonnen, et sollt awer net fir hien duergoen. Am Sprint ka sech no knappen 145 Kilometer de Kevin Geniets duerchsetzen a feiert nom Zäitfueren seng 2. Victoire bei dësem Championnat. D’Plazen 2 an 3 ware fir de Jempy Drucker an de Loïc Bettendorf.
Champion bei der Elite ouni Kontrakz gëtt de Larry Valvasori virum Tim Diederich an dem Rik Karier.
Bei de Juniore geet den Titel un de Mathieu Kockelmann. Bei de Juniorinnen un d’Marie Schreiber.
Elite (Hären)
1) Kevin Geniets