
Kee gudden Dag war et e Sonndeg fir de Kevin Geniets bei der Weltmeeschterschaft am Cyclissem. De Lëtzebuerger Champion huet wéinst Mokrämp schonn no 70 Kilometer Course misse vum Vëlo klammen.
Den zweete Lëtzebuerger an der Course Alex Kirsch hat fréi an der Course och Pech. 163 Kilometer virun der Arrivée war hien an eng Chute verwéckelt. De Profi vun Trek-Segafredo konnt kuerz drop weiderfueren, ma huet méi spéit nawell opginn, dat well hien net méi an de Peloton konnt opschléissen.