Cyclocross-Weltcup zu GavèreLayla a Maïté Barthels bei Victoire vum Lucinda Brand op de Plaze 46 an 48

Ted Koob
Bei den Häre war op en Neits de Mathieu van der Poel de Séiersten.
D'Lucinda Brand huet déi 7. Manche vum Cyclocross-Weltcup zu Gavère gewonnen
© JASPER JACOBS / BELGA / AFP

Um Freideg gouf déi 7. Manche am Cyclocross-Weltcup zu Gavère an der Belsch gefuer.

Bei den Damme konnt sech nees d’Lucinda Brand (Baloise Glowi Lions) en solitaire duerchsetzen. D’Hollännerin hat an der Course, an där et an der Ufanksphas eng Rei Chutte gouf, um Enn eng Avance vu 15 Sekonnen op d’Franséisin Amandine Fouquenet (Arkéa - B&B Hotels Women). De Podium gouf vun der zweeter Hollännerin Puck Pieterse (Alpecin – Deceuninck) komplettéiert. Si hat e Retard vun 19 Sekonnen op d’Gewönnerin.

Aus Lëtzebuerger Siicht sinn d’Layla an d‘Maïté Barthels op de Plaze 46 an 48 mat engem Réckstand vun iwwer 6 Minutten iwwer d’Arrivée gefuer.

De Mathieu van der Poel (Alpecin - Deceuninck) ass bei den Hären den Ament genee sou wéineg ze schloe wéi d’Lucinda Brand bei den Dammen. Den Hollänner huet seng 4. Victoire noenee gefeiert. Zu Gavère konnt de Belsch Thibau Nys (Baloise Glowi Lions) awer laang mathalen. Zwee Tier viru Schluss huet de van der Poel sech ofgesat a konnt sech um Enn mat engem Virsprong vun 21 Sekonne virum Nys duerchsetzen. Den zweeten Hollänner Tibor del Grosso (Alpecin - Deceuninck) gouf den Drëtte mat engem Retard vun 23 Sekonnen.

D’Klassenemt vun den Dammen

1 Brand Lucinda Baloise Glowi Lions 48:26
2 Fouquenet Amandine Arkéa - B&B Hotels Women +0:15
3 Pieterse Puck Alpecin – Deceuninck +0:19
4 Vas Blanka Team SD Worx – Protime +0:38
5 van Alphen Aniek Seven Racing +0:49

46 Barthels Layla Cycling Team Atertdaul +6:17
48 Barthels Maïté Cycling Team Atertdaul +6:31

D’Klassement vun den Hären

1 van der Poel Mathieu Alpecin – Deceuninck 1:03:15
2 Nys Thibau Baloise Glowi Lions +0:21
3 Del Grosso Tibor Alpecin – Deceuninck +0:23
4 Aerts Toon Deschacht - Hens CX Team ,,
5 Verstrynge Emiel Crelan - Corendon ,,

Back to Top
CIM LOGO