
De Slowen a Leader am General Primoz Roglic war e Samschdeg op der 4. Etapp vum Critérium du Dauphiné gefall an ass no der Arrivée gehippt wéi en op de Podium geklommen ass. E Sonndeg de Moien koum dunn d’Informatioun, datt de Roglic e Sonndeg net méi un den Depart vun der 5. a leschter Etapp geet. Domadder steet elo de Fransous Thibaut Pinot op der éischter Plaz am General.
Um Sonndeg waarden nach emol 153,5 Kilometer op d’Coureuren op der leschter Etapp vum Critérium du Dauphiné ëm Megève. Et geet nach emol an d’Bierger.
Suivéiert déi lescht Etapp vum Critérium du Dauphiné e Sonndeg de Mëtteg vun 15.40 Auer u live op der Tëlee an am Livestream op RTL.lu.