Den 1. an 2. Februar ass d’Weltmeeschterschaft am Cyclocross zu Dübendorf an der Schwäiz. E Mëttwoch den Owend huet d’Vëlosfederatioun am Kader vun der Éierung vun de Gewënner vum Skoda-Cross-Cup och déi Nimm bekannt ginn, déi Lëtzebuerg wäerten an der Schwäiz vertrieden.
Et sinn dat bei de Junioren (Hären):
Tom Paquet
Noé Ury
Arno Wallenborn
Mats Wenzel
Bei den Dammen fir d’Junioren:
Marie Schreiber
Fir d’Elite
Christine Majerus