
D’WM ass vum 29.-30. Januar zu Fayetteville (Arkansas) an den USA.
E Sonndeg ass zu Fayetteville am US-Staat Arkansas d’Cyclocross Weltmeeschterschaft. Aus Lëtzebuerger Siicht ass dëst Joer wéi gesot just d’Marie Schreiber mat dobäi. An dat an der Course vun den U23.
Bei der Generalprouf um selwechte Circuit am Oktober, koum d’Coureuse bei der Elite op déi 24. Plaz. D’Zil e Sonndeg bei den U23 ass fir d’Marie Schreiber awer een anert.
“Top 10 ass definitiv dran. Ech gesi mech tëscht der Plaz 7 an 10. Déi 3 éischt (Hollännerinnen) an dann zwou Fransousinnen an eng Tschechin. An de leschte Courssen, war ech och ëmmer an deem Mix dran. Dofir wann et ganz gutt geet ass eng 7. Plaz dran.”
Nieft dem techneschen Direkter vun der FSCL, dem Christian Helmig ginn och nach den Nationaltrainer Michel Wolter an de Mechaniker Philippe Hutmacher mat der Lëtzebuerger Sportlerin op d’WM.
D’Course vum Marie Schreiber leeft e Sonndeg den Owend live op RTL Télé Lëtzebuerg an op RTL.lu.