"Et ass natierlech eng grouss Éier"Liv Wenzel wënnt trotz Chute Sëlwer am Mountainbike

RTL Lëtzebuerg
Am leschten Tour war d'Lëtzebuerger Cyclistin gefall, konnt trotz Péng un der Hëft an um Ielebou awer weider op de Podium fueren.
Sëlwer am Mountainbike fir d'Liv Wenzel
Déi 21 Joer al Lëtzebuerger Cyclistin war trotz enger Chute nach op de Podium gefuer

En Donneschdeg de Moie war d’Liv Wenzel um Mountainbike am Pal Bike Park am Asaz. Nom Depart um 9 Auer konnt sech relativ séier d’Zypriotin Ekaterina Kovalchuk un der Spëtzt ofsetzen. Hannendru war déi 21 Joer al Cyclistin nach am éischten Tour vun der véierter op déi zweet Plaz gefuer. Do konnt si sech och bis an de leschten Tour eran halen. Trotz enger Chute war den Ecart op déi drëtt Plaz grouss genuch, fir sech um Enn mat engem Chrono vun 1:12:10 Stonn d’Sëlwermedail hannert der Ekaterina Kovalchuk (1:10:25) a virun der Zypriotin Styliana Camelari (1:16:31) ze sécheren.

Klickt op d'Bild, fir op den Dossier mat Artikelen, Livestreamen, Videoen a Fotoen ze kommen.
Klickt op d’Bild, fir op den Dossier mat Artikelen, Livestreamen, Videoen a Fotoen ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO