CyclocrossLoïc Bettendorff gewënnt och de Bielesser Cyclocross

RTL Lëtzebuerg
Bei beschtem Wierder ass zu Bieles um Gaalgebierg de regionale Cyclocross gefuer ginn. 22 Coureure sinn an der Kategorie Espoirs Elites un den Depart gaangen. Mat vun der Partie de Lëtzebuerger Champion Loic Bettendorff de gëschter beim Cyclocross Weltcup zu Antwerpe manner Gléck hat.
Bettendorf gewënnt och Bielesser Cyclocross
Bei beschtem Wieder ass e Sonndeg zu Bieles um Gaalgebierg de regionale Cyclocross gefuer ginn.

No engem séieren Depart konnte sech am éischten Tour den Duo Chopineaux a Jung vum Velo Club Hettange-Grande ofsetzen. Hannendru war et de Mil Morang, deen als éischte Lëtzebuerger koum. De Loïc Bettendorff hat e manner gudden Depart erwëscht. Hien an de Ken Conter hu sech am Laf vun der Course missen no vir schaffen.

Bei hallwer Course, no engem technesche Feeler vum Morang, huet de Loïc Bettendorff mam Ken Conter an dem Fransous Auxence Portal opgeschloss. An esou gouf sech eng spannend Schlussphase erwaart. Hei huet de Champion seng ganz Erfarung ausgenotzt. En huet sech eng kleng Avance vu ronn 10 Sekonnen erausgefuer an dës ass ni méi a Gefor geroden.

Op dem dach technesche Parcours ass d’Course ëm d’Podiumsplaze bis an de leschten Tour extreem spannend bliwwen. De Loïc Bettendorf gewënnt de Cyclocross um Bielesser Gaalgebierg. Hannendrun huet de Mil Morang den Ecart nach eng Kéier op 7 Sekonne kënne verkierzen. Den Auxence Portal setzt sech virum Ken Conter duerch a gouf domadder den Drëtten.

Um zweete Chrëschtdag geet et zu Déifferdeng weider. Hei gëtt op engem neie Parcours gefuer.

Back to Top
CIM LOGO