Paris-RoubaixLongo Borghini wënnt "en solitaire", Majerus kënnt op déi 26. Plaz

Kevin Kayser
Tom Flammang
Am Vëlossport war e Samschdeg Paris-Roubaix bei den Dammen, wou och d'Lëtzebuergerin d'Christine Majerus (Team SD Worx) am Asaz war.
Elisa Longo Borghini wënnt Paris-Roubaix bei den Dammen
Dat virum Lotte Kopecky an dem Lucinda Brand. D’Christine Majerus fiert als 26. iwwert d’Arrivée.

Eng Chutte um Enn vum Peloton huet dësen eng 69 Kilometer virun der Arrivée gesprengt. Zu deem Ament war eng Fuererin eleng un der Spëtzt, ma net mat esou engem groussen Avantage. Esou koum et, datt ëmmer nees aner Cyclistinne probéiert hunn, sech an d’Echappée ze beginn an ronn 50 Kilometer viru Schluss waren dräi Fuererinnen ronn 20 Sekonne virum éischte Peloton, an deem och d’Christine Majerus war.

D’Spëtzt war an de Kilometeren dono ausernee gebrach an d’Elisa Longo Borghini war eng länger Zäit eleng un der Spëtzt, si konnt hiren Ecart 5 Kilometer viru Schluss esouguer op knapp 40 Sekonnen erausfueren. Dësen Ecart sollt dann och duergoen, datt sech déi italienesch Championne vun Trek-Segafredo d’Victoire bei Paris-Roubaix séchere konnt. Si zum Schluss 34 Kilometer eleng un der Spëtzt gefuer an hat zum Schluss 24 Sekonnen Avance op d’Lotte Kopecky an d’Lucinda Brand.

D’Christine Majerus koum mat engem Regard vu 4 Minutten a 35 Sekonnen no den 125 Kilometer vu Denain op Roubaix als 26. iwwert d’Arrivée.

D’Top 10

Back to Top
CIM LOGO