Giro d'Italia: 14. EtappLorenzo Fortunato wënnt aus enger Echappée eraus

RTL Lëtzebuerg
Op der 14. Etapp konnt sech de Lorenzo Fortunato aus enger Echappée eraus duerchsetzen. Den Egan Bernal baut säi Virsprong am General weider aus.

Iwwer 205 km ass et op der 14. Etapp vu Cittadella op de Monte Zoncolan gaangen. Déi lescht 14,1 km ass et e Bierg eropgaangen an dat mat enger duerchschnëttlecher Steigung vun 8,5%. Um Enn konnt sech de Lorenzo Fortunato aus Italien en solitaire virum Jan Tratnik an dem Alessandro Covi duerchsetzen.

Den Egan Bernal aus Kolumbien konnt säi Virsprong am General weider ausbauen an huet elo e Virsprong vun 1 Minutt an 33 Sekonnen op de Simon Yates aus England. Op der drëtter Plaz läit den Damiano Caruso aus Italien op 1 Minutt an 51 Sekonnen.

D’Top 10 vun der Etapp

1 Lorenzo Fortunato (Ita) Eolo - Kometa Cycling Team 5:17:22
2 Jan Tratnik (Slo) Bahrain Victorious 0:00:26
3 Alessandro Covi (Ita) UAE Team Emirates 0:00:59
4 Egan Arley Bernal Gomez (Col) INEOS Grenadiers 0:01:43
5 Bauke Mollema (Ned) Trek - Segafredo 0:01:47
6 Simon Yates (GBr) Team BikeExchange 0:01:54
7 George Bennett (NZl) Jumbo - Visma 0:02:10
8 Nelson Oliveira (Por) Movistar Team 0:02:18
9 Daniel Felipe Martinez Poveda (Col) INEOS Grenadiers 0:02:22
10 Damiano Caruso (Ita) Bahrain Victorious 0:02:22

D’Top 10 vum General

1 Egan Arley Bernal Gomez (Col) INEOS Grenadiers 58:30:47
2 Simon Yates (GBr) Team BikeExchange 0:01:33
3 Damiano Caruso (Ita) Bahrain Victorious 0:01:51
4 Aleksandr Vlasov (Rus) Astana - Premier Tech 0:01:57
5 Hugh Carthy (GBr) EF Education - Nippo 0:02:11
6 Emanuel Buchmann (GER) BORA - hansgrohe 0:02:36
7 Giulio Ciccone (Ita) Trek - Segafredo 0:03:03
8 Remco Evenepoel (Bel) Deceuninck - Quick-Step 0:03:52
9 Daniel Felipe Martinez Poveda (Col) INEOS Grenadiers 0:03:54
10 Romain Bardet (Fra) Team DSM 0:04:31

Quiz

Back to Top
CIM LOGO