Royal Bernard Drôme ClassicLuc Wirtgen beschte Lëtzebuerger bei Victoire vum Bagioli

RTL Lëtzebuerg
Den Italiener vun der Ekipp Deceuninck-Quick-Step huet sech en solitaire duerchgesat.
© PRESSPHOTO (ARCHIV)

Start an Zil vun der Royal Bernard Drôme Classic war an der franséischer Gemeng Eurre am Departement Drôme. Gewonnen huet d’Course den Italiener Andrea Bagioli vum Team Deceuninck-Quick-Step. Mat Wirtgen, Gastauer a Ries sinn 3. Lëtzebuerger am Zil ukomm.

De Luc Wirtgen klasséiert sech als beschte Lëtzebuerger mat engem Retard vu 4 Minutten an 29 Sekonnen op der Plaz 52. An der nämmlechter Zäit gëtt de Ben Gastauer 54. Knapp 3 Minutten dohannert gëtt de Michel Ries den 91. Den Ivan Centrone ass d’Course net op en Enn gefuer.

D’Top10

1 BAGIOLI Andrea (ITA) DECEUNINCK - QUICK-STEP 4:23:18
2 IMPEY Daryl (RSA) ISRAEL START-UP NATION 0:00:11
3 HONORÉ Mikkel (DEN) DECEUNINCK - QUICK-STEP 0:00:11
4 SIMON Julien (FRA) TOTAL DIRECT ENERGIE 0:00:11
5 CLARKE Simon (AUS) TEAM QHUBEKA ASSOS 0:00:11
6 GODON Dorian (FRA) AG2R CITROEN TEAM 0:00:11
7 GIRMAY Biniam (ERI) DELKO 0:00:11
8 GAUTIER Cyril (FRA) B&B HOTELS P/B KTM 0:00:11
9 BARGUIL Warren (FRA) TEAM ARKEA - SAMSIC 0:00:11
10 VAKOČ Petr (CZE) ALPECIN-FENIX 0:00:11

Back to Top
CIM LOGO