VëlossportLuc Wirtgen huet eng nei Ekipp fonnt

RTL Lëtzebuerg
De 28 Joer ale Lëtzebuerger Coureur huet e Kontrakt bei enger Schwäizer Kontinental-Ekipp ënnerschriwwen.
De Luc Wirtgen war beim Skoda Tour de Luxembourg fir d'Team Lëtzebuerg am Asaz.
© Roland Miny

De Luc Wirtgen huet eng nei Ekipp fir d'Saison 2027 fonnt. Den 28 Joer ale Lëtzebuerger Coureur war fir déi lescht siwe Joer fir Pro Team Bingoal a fir Tudor am Asaz an huet elo nach eemol ee Kontrakt bei der Kontinental-Ekipp Elite Fondations Cycling Team ënnerschriwwen.

Säin Zil wier et do, seng "Emotioune rëmzefannen" a "gutt Resultater" ze sichen, heescht et bei der Annonce vu senger neier Ekipp, déi wéi och seng lescht Ekipp Tudor aus der Schwäiz kënnt.

Back to Top
CIM LOGO