Tour of HellasLuc Wirtgen op gudder 4. Plaz, duebele Pech fir den Eduard Prades

RTL Lëtzebuerg
De Prades hat gemengt en hätt gewonnen, dobäi war den Aaron Gate scho laang iwwert d'Arrivée. Dobäi koum um Zilstréch dunn awer och nach eng Chute.

Bei der 17ter Tour of Hellas (Griichenland) ass de Luc Wirtgen e Mëttwoch op déi gutt 4. Platz gefuer. Kuriéis war de Sprint. De Spuenier Eduard Prades hat geduecht en hätt d’Etapp gewonnen an huet sech gefreet, wou am selwechte Moment seng Suedel-Tige gebrach ass. Duebele Pech fir de Prades... den Aaron Gate war schonn iwwer eng Minutt ukomm an hat d’Etapp gewonnen.

Am Generalklassement ass de Luc Wirtgen de 5te mat engem Retard vun 1:58 op de Leader Gate. Am ganze si 5 Etappen ze fueren.

Back to Top
CIM LOGO