Cyclocross-WeltcupLucinda Brand wënnt bei den Dammen, Christine Majerus an den Top 20

RTL Lëtzebuerg
E Sonndeg gouf den UCI World Cup Dendermonde an der Belsch gefuer, wou och verschidde Lëtzebuerger an hire Klassen um Depart waren.
© DAVID STOCKMAN / BELGA / AFP (Archiv)

Et war enk un der Spëtzt bei den Damme ginn. Mat 47 Minutten an 38 Sekonnen an domadder ganzer 4 Sekonnen Avance op Clara Honsinger aus den USA, konnt sech d’Hollännerin Lucinda Brand duerchsetzen. Déi drëtte Plaz war fir hir Landsfra Denise Betsema, déi 36 Sekonne Retard hat. 3 Minutten an 2 Sekonnen méi laang wéi d’Gewënnerin huet d’Christine Majerus gebraucht, domadder ass si déi 18. an och beschte Lëtzebuergerin. Bal 7 Minutte waren et fir d’Marie Schreiber, déi als 39. iwwert d’Linn fiert. D’Nina Berton respektiv d’Maïté Barthels kommen als 59. an 63. un.

Bei den Häre war d’Victoire fir de Wout An Aert. De Belsch konnt no enger Stonn, 3 Minutten an 48 Sekonnen iwwert d’Linn fueren a verweist domadder de Mathieu Van der Poel op déi 2. an de Toon Aerts op déi 3. Plaz. Eenzege Lëtzebuerger am Feld war de Raphaël Kockelmann, deen den 42. gouf.

Och bei Juniore ware Lëtzebuerger um Depart. De Beschte vun hinne gouf de Mil Morang, deen 5 Minutten a 55 Sekonne Réckstand op den Gewënner David Haverdings aus Holland hat. Mat enger Zäit vun 41 Minutten an 3 Sekonnen huet hien all déi aner Coureuren hannert sech gelooss. De Lëtzebuerger Fynn Ury gouf den 45 op iwwer 7 Minutten. All déi aner Lëtzebuerger hunn et net an d’Top 50 gepackt.

Séierst Juniorinne war d’Zoe Backstedt aus Groussbritannien mat 39 Minutten a 40 Sekonnen. Op d’Plaze 34 a 36 koumen d’Layla Barthels an d’Anouk Schmitz mat iwwer 8 Minutten, d’Liv Wenzel huet d’Course net op en Enn gefuer.

Back to Top
CIM LOGO