
D’Lucinda Brand schéngt an dëser Saison net ze stoppen ze sinn. D’Hollännerin huet der Konkurrenz och beim Weltcup zu Namur keng Chance gelooss a gewënnt kloer virun hirer Landsfra Aniek Van Alphen (+ 0:43) an der Franséisin Amandine Fouquenet (+ 1:00). D’Brand koum an den 12 Courssen an dësem Hierscht bis elo ëmmer op de Podium an huet 10 Mol gewonnen.
Bei dësem Weltcup waren och véier Lëtzebuergerinnen um Depart. D’Liv Wenzel koum als 29. un (+ 7:20), Maïté Barthels gëtt als 37. gewäert, d’Nina Berton koum als 40. un an d’Layla Barthels gouf 42. Bei deenen dräi ass kee Réckstand an der Wäertung uginn. D’Marie Schreiber war wéinst enger Muskelverletzung net un den Depart gaangen.
Bei den Hären huet sech de Mathieu Van der Poel knapp géint den Thibau Nys an de Michael Vanthourenhout behaapt. Den Hollänner hat 9 respektiv 11 Sekonne Virsprong op déi zwee Belsch. De Lennox Papi war och um Depart an huet sech als 44. klasséiert. De Réckstand louch bei iwwer sechsanhallef Minutten. Bei de Junioren huet de Maximilien Outlet d’Lëtzebuerger Faarwe vertrueden. Hie gouf de 27. op 6:41. Fir d’Juniore war et awer keng Course am Weltcup.
1 BRAND Lucinda 52:23
2 VAN ALPHEN Aniek 0:43
3 FOUQUENET Amandine 1:00
4 PIETERSE Puck 1:21
5 NEFF Jolanda 1:42
6 VAN DER HEIJDEN Inge 2:07
7 ZEMANOVA Kristyna 2:16
8 BENTVELD Leonie 2:23
9 MULLER Amandine 2:34
10 GERY Célia 2:43
1 VAN DER POEL Mathieu 58:29
2 NYS Thibau 0:09
3 VANTHOURENHOUT Michael 0:11
4 VAN DER HAAR Lars 0:12
5 VERSTRYNGE Emiel 0:42