Vuelta ciclista a España: 5. EtappMadrazo wënnt Etapp - Miguel Angel Lopez neie Leader

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch goung et op der 5. Etapp vun der Vuelta iwwer 170,7 Kilometer vu L'Eliana Richtung Observatorio Astrofisico de Javalambre.
© AFP

Fir déi éischte Kéier an der 74 Joer laanger Geschicht vun der Vuelta goung et den Alto de Javalambre erop. Am Schi-Gebitt koumen d’Coureuren dann e Mëttwoch fir déi éischte Kéier bei dëser Editioun uewen um Bierg un.

D’Etapp gouf vun enger Echappé vun dräi Leit dominéiert, déi och op déi éischt dräi Plaze koumen. De Madrazo huet d’Etapp um Enn uewen um Sommet gewonne viru sengem Teamkomerod Jetse Bol. Och bei de Favoritten huet sech eppes gedoen. Do war de Miguel Angel Lopez dee Stäerksten, dono koumen de Valverde an de Roglic un.

Neie Leader am General ass elo de Miguel Angel Lopez, de Kolumbianer huet do elo eng Avance vu 14 Sekonnen op de Primoz Roglic an 23 op den Nairo Quintana.

E Mëttwoch koum de Jempy Drucker op déi 130. Plaz op 16 Minutten a 56 Sekonnen an den Alex Kirsch gouf den 136. op 17 Minutten a 34 Sekonnen. Am General ass den Alex Kirsch den 139. op 32 Minutten an 52 Sekonnen an de Jempy Drucker ass elo den 156. op 39 Minutten an 23 Sekonnen.

Resumé

Schonns fréi op dëser Etapp konnte sech dräi Coureure vum Peloton ofsetzen. Dorënner de Jesus Herrada vun der Ekipp Cofidis an de Jeste Bol an den Angel Madrazo, allebéid vun der Ekipp Burgos-BH. De Madrazo konnt deemno um Wee Richtung Arrivée weider Punkten an der Biergwäertung sammelen. Den Trio un der Spëtzt hat tëschenduerch esouguer iwwer 10 Minutten Avance.

Ronn 80 Kilometer virun der Arrivée koum et zu enger Chute am Peloton, wou ënnert anerem och de Jempy Drucker gefall war. Déi involvéiert Coureure konnten awer alleguerte weiderfueren.

30 Kilometer virun der Arrivée hat de Spëtzegrupp nach ëmmer 11 Minutten Avance, esou dass zu dësem Zäitpunkt schonns bal sécher war, dass ee vun den dräi Coureuren un der Spëtzt d’Etapp gewanne géing. An der Schlussmontée huet de Jesus Herrada ëmmer nees den Tempo ugezunn an huet de Madrazo doduerch ëmmer nees a gréisser Schwieregkeete bruecht. Hir Avance ass ëmmer méi kleng ginn, dat obwuel den Tempo am Peloton och net richteg séier war. 6 Kilometer virun der Arrivée hate si nach eng Avance vu 5 an hallef Minutt.

Am Peloton koum dunn eng Attack vum Valverde an do konnten nëmmen nach déi bescht matgoen an dozou huet den Nicolas Roche, de Mann am Leadertrikot net gehéiert. Ganz vir waren iwwerdeems nëmmen nach zwee Leit un der Spëtzt, well de Madrazo huet definitiv misse lassloossen.

Dono koum eng weider Attack an zwar vum Miguel Angel Lopez an de Kolumbianer konnt sech dunn och eleng ofsetzen, hannendrun hunn de Valverde an de Roglic ëm den Uschloss gekämpft. Quintana, Majka, Uran, Aru, Pogacar Roche a weider Favoritte goufen ofgehaangen.

De Madrazo konnt sech vir nees erukämpfen a konnt um Enn esouguer nach tatsächlech d’Etapp gewannen. Op déi zweete Plaz koum säin Teamkomerod Jetse Bol virum Jesus Herrada. De Miguel Angel Lopez ass mat 47 Sekonne Retard als éischte Favorit iwwer d’Ligne d’Arrivée gefuer. Kuerz dono koumen och de Roglic an de Valverde an d’Zil.

Top10 vun der 5. Etapp

1 ANGEL MADRAZO RUIZ 181 BURGOS BH
2 JETSE BOL 182 BURGOS BH 00h 00' 10'’
3 JOSE HERRADA 205 COFIDIS, SOLUTIONS CREDITS 00h 00' 22'’
4 MIGUEL ANGEL LOPEZ MORENO 21 ASTANA PRO TEAM 00h 00' 47'’
5 ALEJANDRO VALVERDE 1 MOVISTAR TEAM 00h 00' 59'’
6 PRIMOŽ ROGLIC 131 TEAM JUMBO - VISMA 00h 00' 59'’
7 TADEJ POGACAR 177 UAE TEAM EMIRATES 00h 01' 29'’
8 NAIRO QUINTANA 7 MOVISTAR TEAM 00h 01' 41'’
9 SEPP KUSS 136 TEAM JUMBO - VISMA 00h 01' 41'’
10 JHOAN ESTEBAN CHAVES RUBIO 101 MITCHELTON - SCOTT 00h 01' 46'’

Generalklassement

1 MIGUEL ANGEL LOPEZ MORENO 21 ASTANA PRO TEAM
2 PRIMOŽ ROGLIC 131 TEAM JUMBO - VISMA 00h 00' 14'’
3 NAIRO QUINTANA 7 MOVISTAR TEAM 00h 00' 23'’
4 ALEJANDRO VALVERDE 1 MOVISTAR TEAM 00h 00' 28'’
5 NICOLAS ROCHE 155 TEAM SUNWEB 00h 00' 57'’
6 RIGOBERTO URAN 71 EF EDUCATION FIRST 00h 00' 59'’
7 JHOAN ESTEBAN CHAVES RUBIO 101 MITCHELTON - SCOTT 00h 01' 17'’
8 RAFAL MAJKA 41 BORA - HANSGROHE 00h 01' 18'’
9 TADEJ POGACAR 177 UAE TEAM EMIRATES 00h 01' 49'’
10 WILCO KELDERMAN 151 TEAM SUNWEB 00h 01' 50'’

Back to Top
CIM LOGO