Paris-Nice: 3. EtappMads Pedersen wënnt am Sprint, Kevin Geniets a Chute verwéckelt

RTL Lëtzebuerg
Op der 3. Etapp vu Paris-Nice ass et iwwer flaach 191 Kilometer vu Vierzon op Dun-le-Palestel gaangen.
Paris-Nice: 3. Etapp
Mads Pedersen wënnt am Sprint, Kevin Geniets a Chute verwéckelt

Op der 3. Etapp vu Paris-Nice ass en Dënschdeg no 191 Kilometer d’Decisioun am Sprint gefall. Den Dän Mads Pedersen, Coequipier vum Alex Kirsch, hat hei déi séierst Been a konnt sech d’Victoire sécheren. Als Zweeten an Drëtte sinn de Fransous Bryan Coquard an de Belsch Wout van Aert iwwert d’Arrivée gefuer.

An der Schlussphas vun der Etapp gouf et ëmmer nees Attacken. Eng 23 Kilometer virun der Arrivée hat de Kevin Geniets et och probéiert, ma de Lëtzebuerg konnt sech net ofsetzen. Eng 300 Meter virun der Arrivée war de Geniets mam Leader Christophe Laporte an eng Chute verwéckelt. Si kruten déi nämmlecht Zäit wéi de Gewënner opgeschriwwen.

Leader bleift domadder de Christophe Laporte. Hien huet eng Sekonn Avance op de van Aert.

Den Alex Kirsch hat um drëtten Dag e Retard vun 2 Minutten an 22 Sekonnen op de Pedersen. Am General ass hien den 61. op 4 Minutten an 43 Sekonnen. De Kevin Geniets ass de 65. op 7 Minutten an 3 Sekonnen.

D’Klassement vun der Etapp

1 MADS PEDERSEN 04h 23' 29'’
2 BRYAN COQUARD “
3 WOUT VAN AERT “
4 JASPER PHILIPSEN “
5 ANTHONY TURGIS “
6 BINIAM GIRMAY “
7 FRED WRIGHT “
8 DANNY VAN POPPEL”
9 ETHAN HAYTER “
10 JUAN SEBASTIAN MOLANO BENAVIDES “

De General

1 CHRISTOPHE LAPORTE
2 WOUT VAN AERT + 00h 00' 01'’
3 PRIMOŽ ROGLIČ + 00h 00' 09'’
4 MADS PEDERSEN + 00h 00' 29'’
5 BRYAN COQUARD + 00h 00' 33'’
6 PIERRE LATOUR + 00h 00' 33'’
7 ZDENĚK ŠTYBAR + 00h 00' 38'’
8 JASPER STUYVEN + 00h 00' 39'’
9 ALEKSANDR VLASOV + 00h 00' 39'’
10 FLORIAN SENECHAL + 00h 00' 39'’

Back to Top
CIM LOGO