Vuelta: 19. EtappMagnus Cort feiert säin 3. Etappesuccès

RTL Lëtzebuerg
Den Alex Kirsch fiert op eng gutt 15. Plaz. De Kevin Geniets gëtt um Enn deen 99..
© AFP/MIGUEL RIOPA

Op der 19. Etapp vun der Vuelta ass et iwwer hiwweleg 191,2 Kilometer vun Tapia op Monforte de Lemos gaangen.

Aus der Echapée gewënnt op en Neits de Magnus Cort am Sprint. De Rui Oliveira fiert op déi 2. Plaz. De Quinn Simmons gëtt den 3.

Leader am General bleift weiderhin de Primoz Roglic mat enger Avance vun 2 Minutten an 30 Sekonnen op den Enric Mas. 3. bleift de Miguel Angel Lopez op 2 Minutten an 53 Sekonnen.

Den Alex Kirsch ass als gudde 15. mat engem Retard vun 18 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer, de Kevin Geniets als 99. op eng Minutt a 25 Sekonnen. Am General ass de Geniets den 81. op iwwer 3 Stonnen a 15 Minutten, de Kirsch den 122. mat engem Retard vun iwwer 4 Stonnen an 11 Minutten.

D’Top10

1 CORT Magnus EF Education - Nippo 4:24:54
2 OLIVEIRA Rui UAE-Team Emirates ,,
3 SIMMONS Quinn Trek - Segafredo ,,
4 BAGIOLI Andrea Deceuninck - Quick Step ,,
5 ROUX Anthony Groupama - FDJ ,,
6 KRON Andreas Lotto Soudal ,,
7 CRADDOCK Lawson EF Education - Nippo 0:05
8 DAINESE Alberto Team DSM 0:18
9 TRENTIN Matteo UAE-Team Emirates ,,
10 KRIEGER Alexander Alpecin-Fenix ,,
...
15 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 0:18
99 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 1:25

De General

1 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 73:24:25
2 MAS Enric Movistar Team 2:30
3 LÓPEZ Miguel Ángel Movistar Team 2:53
4 HAIG Jack Bahrain - Victorious 4:36
5 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 4:43
6 YATES Adam INEOS Grenadiers 5:44
7 KUSS Sepp Team Jumbo-Visma 6:02
8 MÄDER Gino Bahrain - Victorious 7:48
9 MARTIN Guillaume Cofidis, Solutions Crédits 8:31
10 DE LA CRUZ David UAE-Team Emirates 9:24
...
81 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 3:15:17
122 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 4:11:36

Back to Top
CIM LOGO