Vuelta: 6. EtappMagnus Cort gewënnt knapp virum Primoz Roglic

RTL Lëtzebuerg
D'Lëtzebuerger Kevin Geniets an Alex Kirsch sinn als 107. respektiv 181. iwwert d'Arrivée gefuer.
© AFP

Um 6. Dag vun der Vuelta ass et iwwer hiwweleg 158,3 Kilometer vu Requena op Alto de la Montana de Cullera gaangen.

Dee lescht Verbliwwenen aus der Echappée Magnus Cort gewënnt knapp virum Primoz Roglic, deen an der Montée virun der Arrivée attackéiert hat. 3. gëtt den Andrea Bagioli mat engem Retard vu 2 Sekonnen.

De Leader am General Kenny Elissonde huet 1,5 Kilometer virun der Arrivée misse lassloossen a verléiert säi roude Maillot un de Primoz Roglic. Neien 2. ass elo den Enric Mas op 25 Sekonnen. 3. ass de Miguel Angel Lopez mat engem Retard vu 36 Sekonnen.

De Kevin Geniets gëtt den 107. mat engem Retard vu 8 Minutten a 24 Sekonnen, den Alex Kirsch ass den 181. op 15 Minutten a 7 Sekonne ginn. Am General ass de Geniets 153. op 30 Minutten a 44 Sekonnen an de Kirsch 158. mat 31 Minutten a 36 Sekonne Retard.

D’Top10

1 CORT Magnus EF Education - Nippo 3:30:53
2 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma ,,
3 BAGIOLI Andrea Deceuninck - Quick Step 0:02
4 VLASOV Aleksandr Astana - Premier Tech 0:04
5 MAS Enric Movistar Team ,,
6 MATTHEWS Michael Team BikeExchange 0:06
7 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 0:08
8 VALVERDE Alejandro Movistar Team ,,
9 LÓPEZ Miguel Ángel Movistar Team 0:09
10 GROßSCHARTNER Felix BORA - Hansgrohe 0:16
...
107 GENIETS Kévin Groupama - FDJ 8:24
181 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 15:07

De General

1. Primož Roglič JUMBO - VISMA 21:04:49
2. Enric Mas MOVISTAR TEAM 00:25
3. Miguel Angel Lopez MOVISTAR TEAM 00:36
4. Alejandro Valverde MOVISTAR TEAM 00:41
5. Egan Bernal INEOS GRENADIERS 00:41
6. Aleksandr Vlasov ASTANA - PREMIER TECH 00:53
7. Giulio Ciccone TREK - SEGAFREDO 00:58
8. Lilian Calmejane AG2R CITROEN TEAM 01:04
9. Mikel Landa BAHRAIN VICTORIOUS 01:12
10. Fabio Aru TEAM QHUBEKA NEXTHASH 01:17
...
153 GENIETS Kévin Groupama - FDJ 30:44
158 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 31:36

Back to Top
CIM LOGO