
Op der 12. Etapp vun der Vuelta ass et iwwer hiwweleg 175 Kilometer vu Jaen op Cordoba gaangen.
Am Sprint hat de Magnus Cort op en Neits déi séierste Been. Den Andrea Bagioli fiert op déi 2. Plaz. De Michael Matthews gëtt den 3.
Am General bleift alles onverännert. De Leader ass weiderhin de Odd Christian Eiking mat enger Avance vun 58 Sekonnen op de Martin Guillaume. 3. ass de Primoz Roglic op 1 Minutt a 56 Sekonnen.
De Alex Kirsch ass als 107. mat engem Retard vu 14 Minutten an 33 Sekonnen iwwert d’Arrivée gefuer, zäitgläich mam Kevin Geniets op Plaz 112. Am General ass de Geniets den 129. op iwwer eng Stonn a 56 Minutten, de Kirsch den 152. mat engem Retard vun iwwer 2 Stonnen an 13 Minutten.
1 CORT Magnus EF Education - Nippo 100 80 3:44:21
2 BAGIOLI Andrea Deceuninck - Quick Step ,,
3 MATTHEWS Michael Team BikeExchange ,,
4 TRENTIN Matteo UAE-Team Emirates ,,
5 KRON Andreas Lotto Soudal ,,
6 GROßSCHARTNER Felix BORA - hansgrohe ,,
7 SOTO Antonio Jesús Euskaltel - Euskadi ,,
8 ROUX Anthony Groupama - FDJ ,,
9 BRAMBILLA Gianluca Trek - Segafredo ,,
10 TUSVELD Martijn Team DSM ,,
...
107 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 14:33
112 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 14:33
1 EIKING Odd Christian Intermarché - Wanty - Gobert Matériaux 41:48:57
2 MARTIN Guillaume Cofidis, Solutions Crédits 0:58
3 ROGLIČ Primož Team Jumbo-Visma 1:56
4 MAS Enric Movistar Team 2:31
5 LÓPEZ Miguel Ángel Movistar Team 3:28
6 HAIG Jack Bahrain - Victorious 3:55
7 BERNAL Egan INEOS Grenadiers 4:46
8 YATES Adam INEOS Grenadiers 4:57
9 KUSS Sepp Team Jumbo-Visma 5:03
10 GROßSCHARTNER Felix BORA - hansgrohe 5:38
...
129 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 01:56:34
152 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 02:13:06