Sport-Invité um RadioMam Tom Flammang iwwert den Optakt vun de Fréijoersklassiker

RTL Lëtzebuerg
Dës Woch war den Tom Flammang eisen Invité an der Sportemissioun um Radio um Sonndeg tëscht 19 an 20 Auer.
© AFP

Sport-Invité um Radio: Tom Flammang

Mam Cyclissem-Commentateur an -Expert ass et ënnert anerem ëm den Optakt vun de Fréijoersklassiker gaangen, deen elo dëse Weekend an der Belsch mam Omloop Het Niewsblad a mat Kuurne-Bréissel-Kuurne war.

Weider geet et bei de Kolleege vun RTL Tëlee Lëtzebuerg och schonn den nächste Weekend mat der Etappecourse Paris-Nice.

Den Tom Flammang huet eis awer och nach verroden, wéi flexibel Vëlosprofië musse si wat hire Coursekalenner ugeet, wéi sech e Cyclissem-Commentateur op eng 3-Wochen-Course wéi den Tour de France preparéiert an et fäerdeg bréngt, an engem grousse Peloton all Coureur direkt ze erkennen.

Back to Top
CIM LOGO