Mat 31 JoerMarcel Kittel setzt e Schlussstréch ënnert seng Karriär

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Sprinter Marcel Kittel huet am Alter vun 31 Joer mat senger aktiver Karriär als professionelle Vëloscoureur opgehalen.
© afp

Dëst huet hien um Freideg matgedeelt. Schonn am Mee vun dësem Joer huet den Thüringer säi Kontrakt mat der Formatioun Katusha-Alpecin opgeléist.

Wéi den Däitschen der Zäitschrëft “Spiegel” géigeniwwer gesot huet, wier Péng ze grouss an d’Freed um Vëlo fort. Och hätt hi bei sengem Employeur Katusha net dat néidegt Vertraue gespiert, soudatt fir hien am Alter vun 31 Joer elo Schluss ass.

De Sprintstar ass mat 14 Victoiren den däitsche Rekord-Etappegewënner beim Tour de France.

Back to Top
CIM LOGO