Cyclocross Marianne Vos an Thomas Pidcock zu Rucphen ganz uewen um Podium

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg war zu Rucphen an Holland e Weltcup am Cyclocross, wou bei den Dammen d'Maïté Barthels a bei den Hären de Raphaël Kockelmann um Depart waren.
© AFP

D’Marianne Vos konnt sech no 54 Minutten a 14 Sekonnen am Schlusssprint knapp géint d’Lucinda Brand duerchsetzen. Op déi drëtt Plaz ass mam Denise Betsema eng weider Hollännerin gefuer. D’Maïté Barthels koum um Enn op déi 54. Plaz.

Bei den Hären huet sech den Englänner Thomas Pidcock déi éischt Plaz geséchert. Mat engem Retard vun dräi Sekonnen ass den Eli Iserbyt den Zweete ginn. D’Plaz 3 war fir den anere Belsch Michael Vanthourenhout. De Lëtzebuerger Raphaël Kockelmann ass op déi 53. Plaz gefuer.

D’Top 10 bei den Dammen

1 VOS Marianne 54:14
2 BRAND Lucinda ''
3 BETSEMA Denise 0:08
4 VAN EMPEL Fem 0:17
5 PIETERSE Puck 0:19
6 WORST Annemarie 0:44
7 VAN ANROOIJ Shirin 1:16
8 CANT Sanne 1:19
9 LECHNER Eva 1:38
10 VAN DER HEIJDEN Inge 1:40
...
54. BARTHELS Maïté -2 Tier

D’Top 10 bei den Hären

1 PIDCOCK Thomas 1:03:26
2 ISERBYT Eli 0:03
3 VANTHOURENHOUT Michael 0:08
4 HERMANS Quinten 0:12
5 VAN DER HAAR Lars 0:15
6 AERTS Toon 0:35
7 SWEECK Laurens 0:54
8 VAN KESSEL Corné 1:03
9 BAESTAENS Vincent 1:07
10 VANDEBOSCH Toon 1:09
...
53 KOCKELMANN Raphaël 6:09

Back to Top
CIM LOGO