
No der Weltmeeschterschaft de leschte Weekend an den USA an der excellent 6. Plaz fir d’Marie Schreiber bei den Espoirinnen ass d’Cyclocross-Saison vun der jonker Lëtzebuergerin nach net eriwwer. E Samschdeg war si bei engem Cross an der Belsch am Asaz an ass op déi 7. Plaz gefuer.
Gewonne gouf de Cross zu Maldegem vun der Hollännerin Marianne Worst. Um Podium stoungen nach hir Landsfrae Manon Bakker an Aniek Van Alphen. D’Marie Schreiber hat e Retard vun enger Minutt a 26 Sekonnen op d’Gewënnerin.
Mam Maïté Barthels war nach eng zweet Lëtzebuergerin um Depart. Si ass 30. ginn.