Zu Montreal a Kanada sinn dës Woch nach d'Weltmeeschterschaften op der Strooss, zu Lëtzebuerg war de Startschoss fir déi nei Cyclocross-Saison. Gewonnen hunn den internationale Rendez-vous zu Dippech d'Marie Schreiber an de Belsch Wout Jansse.
Fir d'Marie Schreiber war et eng kuerz Saison op der Strooss, dowéinst huet d'Coureuse vun SD Works fréi de Fokus op de Cyclocross geluecht. Si geet nächst Woch awer nach bei den Europameeschterschaften op der Strooss un den Depart.
D'Lëtzebuergerin konnt sech um dréchene Parcours séier vum Peloton ofsetzen an hir Konkurrentinnen ënner Drock setzen. Schonn no engem Tour war kloer, dass kee mat der Lëtzebuerger Championne mathale konnt. Sou konnt d'Schreiber hir Avance ëmmer weider ausbauen an duerft sech um Enn iwwer d'Victoire freeën.
Bei den Häre war de Gewënner vun zejoert, de Belsch Nils Vanderputte, déi aktuell Nummer 1 am UCI-Ranking, net un den Depart gaangen. An awer gouf et eng belsch Victoire. Nämlech an der Persoun vum Wout Jansse, viru sengem Landsmann Ward Hyubs.
Éischte Lëtzebuerger war de Lennox Papi als als Zéngten. Hien hat den Uschloss un d'Grupp ëm déi drëtt Plaz knapp verpasst.