Mat dobäi war och d’Marie Schreiber. Déi jonk Lëtzebuergerin hat et dann nom Depart och gepackt, sech un de Spëtzegrupp ze hänken a sech esou eng gutt Ausgangspositioun erauszeschaffen.
Am 2. Tour ass de Spëtzegrupp dunn awer explodéiert an och d’Marie Schreiber huet déi Bescht missen zéie loossen. D’Hollännerin Pieterse konnt sech eleng un d’Spëtzt setzen, iwwerdeems d’Marie Schreiber op der 6. Plaz war.
Vir un der Spëtzt hu sech mam Pieterse, van Empel a van Anrooij 3 Hollännerinnen zesummen op de Wee Richtung Arrivée gemaach, iwwerdeems d’Marie Schreiber ëmmer méi un Zäit verluer huet.
D’Decisioun ëm Gold sollt dann och eréischt am leschten Tour falen, wou no engem Fuerfeeler vum van Empel d’Pieterse sech eleng aus dem Stëbs maache konnt. D’van Anrooij huet sech awer nach eemol erugekämpft an d’Entscheedung gouf et eréischt op de leschte Meteren. Um Enn war et d’Goldmedail am Sprint fir d’Pieterse, iwwerdeems d’Marie Schreiber sech schlussendlech déi gutt 6. Plaz geséchert huet, dat mat engem Retard vun 1 Minutt an 49 Sekonnen.