CyclocrossMarie Schreiber mat gudder 9. Plaz beim Waaslandcross

RTL Lëtzebuerg
Dem Marie Schreiber ass beim Waaslandcross an der Belsch déi nächst gutt Performance gelongen.
© Jeff Gloden (Archiv)

Um Samschdeg huet déi 19 Joer al Lëtzebuergerin nees op sech opmierksam gemaach. An der Course vun der Kategorie vun der Dammen-Elite ass d’Marie Schreiber op déi 9. Plaz gefuer. Um Enn hat d’Cyclistin vun der belscher Ekipp Tormans-Circus Cyclo Cross e Retard vu 4 Minutten a 2 Sekonnen op d’Lucinda Brand. Déi hollännesch Vize-Weltmeeschterin huet sech virun den aneren Hollännerinnen Annemarie Worst an Denise Betsema duerchgesat.

D’Klassement vun den Top 10

1 BRAND Lucinda 49:19
2 WORST Annemarie 0:30
3 BETSEMA Denise 0:44
4 VAN ALPHEN Aniek 1:25
5 CANT Sanne 2:26
6 BACKSTEDT Zoe 2:56
7 FRANCK Alicia 3:40
8 NORBERT RIBEROLLE Marion 3:57
9 SCHREIBER Marie 4:02
10 VERHOEVEN Suzanne 4:05

Back to Top
CIM LOGO