Tour de France - 13. EtappMark Cavendish egaléiert Rekord vum Eddy Merckx

RTL Lëtzebuerg
De Britt huet sech e Freideg no 219 Kilometer tëscht Nîmes a Carcassonne am Sprint behaapt an domadder seng 34. Etappevictoire gefeiert.

Ier et déi nächst Deeg nees an d’Bierger geet, stoung e Freideg am Tour de France nach eng Kéier eng Flaachetapp fir d’Sprinter um Programm. An déi hu sech dës Chance och net huele gelooss. Um Enn war et op en Neits de Mark Cavendish, deen déi séierste Been hat. De Britt huet domadder déi 4. Etapp an dësem Tour de France gewonnen. Op d’Plazen 2 an 3 sinn de Michael Morkov an de Jasper Philipsen gefuer.

Mat dëser Victoire huet de Cavendish elo de Rekord vu 34 Etappevictoirë vum Eddy Merckx egaléiert.

Am General bleift alles beim Alen. Den Tadej Pogacar steet weiderhi souverän un der Spëtzt.

Net méi mat dobäi ass iwwerdeems de Simon Yates. Hien huet no enger gréisserer Chute eng 60 Kilometer virun der Arrivée missen opginn.

D’Top 10 vun der Etapp

1 Mark CAVENDISH 55 DECEUNINCK - QUICK - STEP 05h 04' 29'’
2 Michael MØRKØV 58 DECEUNINCK - QUICK - STEP 05h 04' 29'’
3 Jasper PHILIPSEN105 ALPECIN - FENIX 05h 04' 29'’
4 IVAN GARCIA CORTINA 64 MOVISTAR TEAM 05h 04' 29'’
5 DANNY VAN POPPEL 216 INTERMARCHE - WANTY - GOBERT MATERIAUX 05h 04' 29'’
6 ALEX ARANBURU DEBA 182 ASTANA - PREMIER TECH 05h 04' 29'’
7 CHRISTOPHE LAPORTE 95 COFIDIS 05h 04' 29'’
8 ANDRÉ GREIPEL 34 ISRAEL START-UP NATION 05h 04' 29'’
9 MAGNUS CORT NIELSEN 116 EF EDUCATION - NIPPO 05h 04' 29'’
10 JASPER STUYVEN 47 TREK - SEGAFREDO 05h 04' 29'’

De General

1 Tadej POGAČAR 1 UAE TEAM EMIRATES 52h 27' 12'’
2 Rigoberto URAN 111 EF EDUCATION - NIPPO 52h 32' 30'’ + 00h 05' 18'’
3 Jonas VINGEGAARD 18 JUMBO - VISMA 52h 32' 44'’ + 00h 05' 32'’
4 RICHARD CARAPAZ 22 INEOS GRENADIERS 52h 32' 45'’ + 00h 05' 33'’
5 BEN O’CONNOR 124 AG2R CITROEN TEAM 52h 33' 10'’ + 00h 05' 58'’ B : 10'’
6 WILCO KELDERMAN 73 BORA - HANSGROHE 52h 33' 28'’ + 00h 06' 16'’
7 ALEXEY LUTSENKO 188 ASTANA - PREMIER TECH 52h 33' 42'’ + 00h 06' 30'’
8 ENRIC MAS 65 MOVISTAR TEAM 52h 34' 23'’ + 00h 07' 11'’
9 GUILLAUME MARTIN 91 COFIDIS 52h 36' 41'’ + 00h 09' 29'’
10 PEIO BILBAO 162 BAHRAIN VICTORIOUS 52h 37' 40'’ + 00h 10' 28'’

Quiz

Back to Top
CIM LOGO