Tour de France - 10. EtappMark Cavendish feiert weider Victoire

RTL Lëtzebuerg
Nom Roudag stoung en Dënschdeg déi 10. Etapp am Tour de France um Programm.

Iwwer 170 flaach Kilometer ass et en Dënschdeg am Tour de France vun Albertville op Valence gaangen. Wéi erwaart hu sech d’Sprinter dës Chance net huele gelooss an esou ass d’Decisioun am Sprint gefall. An do war et op en Neits de Mark Cavendish, deen déi séierste Been hat a seng 3. Victoire bei dësem Tour konnt feieren. Op d’Plazen 2 an 3 sinn déi zwee Belsch Wout van Aert a Jasper Philipsen gefuer.

Fir de Cavendish ass et déi 33. Victoire am Tour de France. Hien ass domadder nach eng Victoire vum Rekord vum Eddy Merckx ewech.

Op Grond vum ville Säitewand waren déi lescht Kilometer net einfach an de Peloton ass direkt an e puer Gruppen zerfall. De Leader Tadej Pogacar an déi aner Coureuren, déi vir am General vertruede sinn, sinn am éischte Grupp mat iwwert d’Arrivée gefuer. De Slowen huet am General weider e Virsprong vun 2 Minutten an enger Sekonnen op den Australier Ben O’Connor.

Tour de France - 10. Etapp
Mark Cavendish op en Neits net ze schloen am Sprint. Tadej Pogacar bleift a Giel.

D’Top 10 vun der Etapp

1 Mark CAVENDISH MARK CAVENDISH 55 DECEUNINCK - QUICK - STEP 04h 14' 07'’
2 Wout VAN AERT WOUT VAN AERT 12 JUMBO - VISMA 04h 14' 07'’
3 Jasper PHILIPSEN JASPER PHILIPSEN 105 ALPECIN - FENIX 04h 14' 07'’
4 NACER BOUHANNI 132 TEAM ARKEA - SAMSIC 04h 14' 07'’
5 MICHAEL MATTHEWS 171 TEAM BIKEEXCHANGE 04h 14' 07'’
6 MICHAEL MØRKØV 58 DECEUNINCK - QUICK - STEP 04h 14' 07'’
7 ANDRÉ GREIPEL 34 ISRAEL START-UP NATION 04h 14' 07'’
8 PETER SAGAN 71 BORA - HANSGROHE 04h 14' 07'’
9 ANTHONY TURGIS 208 TOTALENERGIES 04h 14' 07'’
10 CEES BOL 143 TEAM DSM 04h 14' 07'’

D’Top 10 vum General

1 Tadej POGAČAR TADEJ POGACAR 1 UAE TEAM EMIRATES 38h 25' 17'’
2 Ben O’CONNOR BEN O’CONNOR 124 AG2R CITROEN TEAM 38h 27' 18'’ + 00h 02' 01'’
3 Rigoberto URAN RIGOBERTO URAN 111 EF EDUCATION - NIPPO 38h 30' 35'’ + 00h 05' 18'’
4 JONAS VINGEGAARD 18 JUMBO - VISMA 38h 30' 49'’ + 00h 05' 32'’
5 RICHARD CARAPAZ 22 INEOS GRENADIERS 38h 30' 50'’ + 00h 05' 33'’
6 ENRIC MAS 65 MOVISTAR TEAM 38h 31' 04'’ + 00h 05' 47'’
7 WILCO KELDERMAN 73 BORA - HANSGROHE 38h 31' 15'’ + 00h 05' 58'’
8 ALEXEY LUTSENKO 188 ASTANA - PREMIER TECH 38h 31' 29'’ + 00h 06' 12'’
9 GUILLAUME MARTIN 91 COFIDIS 38h 32' 19'’ + 00h 07' 02'’
10 DAVID GAUDU 81 GROUPAMA - FDJ 38h 32' 39'’ + 00h 07' 22'’

Quiz

Back to Top
CIM LOGO