Flèche Wallonne - DammenMarta Cavalli setzt sech op der Mur de Huy duerch

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch war déi zweet Editioun vun der Flèche Wallonne bei den Dammen. Hei goung et iwwer 133,4 Kilometer vu Huy erop op d'Mur de Huy.
© AFP

E Grupp vu 17 Fuererinnen ass zesummen an déi leschte Montée gaangen, deemno blouf et spannend bis zum Schluss. Hei huet dunn ënnert den Attacke vum Annemiek van Vleuten eent no deem anere misse lassloossen. Um Enn konnt sech just d’Marta Cavalli unhalen an déi 24 Joer al Italienerin ass op de leschte Meter dunn esouguer nach laanscht d’Hollännerin gefuer, fir déi zweet Editioun vun der Flèche Wallonne bei den Dammen ze gewannen. Déi drëtt Plaz war fir d’Demi Vollering. Déi eenzeg Lëtzebuergerin um Depart war d’Nina Berton, déi um Enn mat engem Retard vu bal 8 Minutten op déi 95. Plaz koum.

Klassement vun der Course

1 CAVALLI Marta FDJ Nouvelle-Aquitaine Futuroscope
2 VAN VLEUTEN Annemiek Movistar Team ,,
3 VOLLERING Demi Team SD Worx 0:10
4 MOOLMAN Ashleigh Team SD Worx 0:17
5 LONGO BORGHINI Elisa Trek - Segafredo 0:30
6 LIPPERT Liane Team DSM 0:33
7 DOEBEL-HICKOK Kristabel EF Education-TIBCO-SVB 0:37
8 KASTELIJN Yara Plantur-Pura 0:40
9 SANTESTEBAN Ane Team BikeExchange - Jayco 0:42
10 ROOIJAKKERS Pauliena Canyon//SRAM Racing 0:46

Back to Top
CIM LOGO