Tour de France - 7. EtappMatej Mohoric wënnt en solitaire, Van der Poel vergréissert Avance am General

RTL Lëtzebuerg
Op der 7. Etapp vum Tour de France goung et e Freideg iwwer 249,1 Kilometer vu Vierzon op Le Creusot.

An et war eng turbulent an animéiert Etapp, mat enger grousser Echappée, an där e puer ganz grouss Nimm mat dobäi waren. Sou zum Beispill de Maillot Jaune, de Mathieu van der Poel, awer och de Wout van Aert, de Vincenzo Nibali, de Simon Yates, de Matej Mohoric, de Mark Cavendish a vill méi. An dëse Spëtzegrupp konnt sech eng komfortabel Avance vu bal 8 Minutten erausfueren.

An de Peloton konnt e Grupp mat esou enger Qualitéit net méi anhuelen. An dat obwuel si en héijen Tempo an de Koppe gefuer sinn, wat och dozou bäigedroen huet, datt de Primoz Roglic ofgehaange gouf an Zäit verluer huet.

Um Enn konnt sech de Matej Mohoric souverän en solitaire duerchsetzen an huet net nëmmen d’Etapp gewonnen, ma ass elo och deen Éischten an der Biergwäertung. De Jasper Stuyven gouf den Zweeten an déi drëtt Plaz war fir de Magnus Cort Nielsen. De Peloton mat de ganz grousse Favoritten hat e Retard vu 5 Minutten a 15 Sekonnen. Primoz Roglic an Nairo Quintana hunn nach méi Zäit verluer.

Am General vergréissert de Mathieu van der Poel domat seng Avance. Hei huet hien elo eng Avance vun 30 Sekonnen op de Wout van Aert an 1 Minutt an 49 Sekonnen op de Kasper Asgreen.

Tour de France 2021 - 7. Etapp
Matej Mohoric wënnt en solitaire, Van der Poel vergréissert Avance am General.

D’Top 10 vun der Etapp

1 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious
2 STUYVEN Jasper Trek - Segafredo 1:20
3 CORT Magnus EF Education - Nippo 1:40
4 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix ,,
5 ASGREEN Kasper Deceuninck - Quick Step ,,
6 BONNAMOUR Franck B&B Hotels p/b KTM ,,
7 KONRAD Patrick BORA - hansgrohe ,,
8 VAN AERT Wout Team Jumbo-Visma ,,
9 VAN MOER Brent Lotto Soudal 1:44
10 GODON Dorian AG2R Citroën Team 2:45

D’Top 10 vum General

1 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix
2 VAN AERT Wout Team Jumbo-Visma 0:30
3 ASGREEN Kasper Deceuninck - Quick Step 1:49
4 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious 3:01
5 POGAČAR Tadej UAE-Team Emirates 3:43
6 NIBALI Vincenzo Trek - Segafredo 4:12
7 ALAPHILIPPE Julian Deceuninck - Quick Step 4:23
8 LUTSENKO Alexey Astana - Premier Tech 4:56
9 LATOUR Pierre Team TotalEnergies 5:03
10 URÁN Rigoberto EF Education - Nippo 5:04

Quiz

Back to Top
CIM LOGO