
E Samschdeg ass mat Mailand-Sanremo deen éischte grousse Klassiker an dëser Saison gefuer ginn. Mat 302,8 Kilometer ass et gläichzäiteg och dee längste Klassiker am Vëloskalenner.
De Matej Mohoric huet sech um Enn en solitaire d’Victoire geséchert. Am Sprint ëm déi weider Plazen um Podium huet sech den Anthony Turgis virum Mathieu van der Poel duerchgesat. Si haten e Retard vun 2 Sekonnen op de Gewënner.
Mam Alex Kirsch, Bob Jungels a Kevin Geniets waren dräi Lëtzebuerger um Depart. De Kirsch an de Jungels sinn als 40. respektiv 52. op eng Minutt a 14 Sekonnen ukomm. De Geniets hat als 107. e Réckstand vu sechs Minutten an enger Sekonn.
D’Echappée vum Dag huet aus 8 Coureure bestanen. Op deene leschte 50 Kilometer ass de Spëtzegrupp lues a lues méi kleng ginn. Mam Alessandro Tonellli an dem Samuele Rivi sinn déi lescht zwee Coureuren 9 Kilometer virun der Arrivée, um Fouss vum Poggio vum Grupp mat de Favoritte ronderëm de Wout van Aert an den Tadej Pogacar agefaange ginn.
An der leschter Montée ass et kengem vun de Favoritte gelongen, fir sech eng Avance erauszefueren. Den Tadej Pogacar hat et zweemol probéiert, ma hien ass net fortkomm. An der Descente vum Poggio huet de Matej Mohoric dunn attackéiert a konnt sech ofsetzen. De Slowen huet déi aner op de leschte Kilometer net méi erukomme gelooss an esou konnt hie sech en solitaire duerchsetzen. Den Anthony Turgis an de Mathieu van der Poel sinn am Sprint op d’Plazen 2 an 3 gefuer.
Déi dräi Lëtzebuerger Alex Kirsch, Kevin Geniets a Bob Jungels haten näischt mam Ausgang vun der Course ze dinn an hu missen an der Finall lassloossen. Den Alex Kirsch ass de 40. an de Bob Jungels den 52. ginn. Allebéid hate se e Réckstand vun enger Minutt a 14 Sekonnen. De Kevin Geniets ass als 107. op sechs Minutten an eng Sekonn ukomm.
De Peter Sagan hat kuerz virun der Cipressa een techneschen Defekt um Vëlo, fir hir war doduerch d’Course gelaf.
1 MOHORIČ Matej Bahrain - Victorious 6:27:49
2 TURGIS Anthony TotalEnergies 0:02
3 VAN DER POEL Mathieu Alpecin-Fenix ,,
4 MATTHEWS Michael Team BikeExchange - Jayco ,,
5 POGAČAR Tadej UAE Team Emirates ,,
6 PEDERSEN Mads Trek - Segafredo ,,
7 KRAGH ANDERSEN Søren Team DSM ,,
8 VAN AERT Wout Jumbo-Visma ,,
9 TRATNIK Jan Bahrain - Victorious 0:05
10 DÉMARE Arnaud Groupama - FDJ 0:11
...
40 KIRSCH Alex Trek - Segafredo 1:14
52 JUNGELS Bob AG2R Citroën Team “
107 GENIETS Kevin Groupama - FDJ 6:01