Tour of BritainMathieu van der Poel neie Leader am General

RTL Lëtzebuerg
Déi 6. Etapp vum Tour duerch Groussbritannien, een Zäitfueren iwwer 14 Kilometer, huet den Edoardo Affini gewonnen. De Ben Gastauer gouf de 46..
© AFP

Op der 6. Etapp am Tour duerch Groussbritannien stoung een Zäitfueren iwwer 14 Kilometer ronderëm Pershore um Programm.

Den Edoardo Affini war um Donneschdeg dee Séiersten. Den Italiener huet an enger Zäit vu 16 Minutten an 39 Sekonne gewonnen an hat e Virsprong vu 6 Sekonnen op den Hollänner Sebastian Langeveld.

De Mathieu Van der Poel, deen déi 6-beschten Zäit gefuer ass, ass elo den neie Leader am General. Hien huet e Virsprong vu 6 Sekonnen op de Matteo Trentin aus Italien.

De Ben Gastauer ass en Donneschdeg dee 46. op 1 Minutt a 6 Sekonne ginn. Am General läit de Lëtzebuerger op der 43. Plaz, dat mat engem Réckstand vun 8 Minutten a 34 Sekonnen.

D’Top10 vun der 6. Etapp

1 Edoardo Affini (Ita) Mitchelton - Scott 0:16:39,62
2 Sebastian Langeveld (Ned) EF Education First 0:00:06,82
3 Dylan Van Baarle (Ned) Team Ineos 0:00:07,21
4 Luke Durbridge (Aus) Mitchelton - Scott 0:00:08,09
5 Tanel Kangert (Est) EF Education First 0:00:09,98
6 Mathieu Van Der Poel (Ned) Corendon - Circus 0:00:12,19
7 Alex Dowsett (GBr) Team Katusha Alpecin 0:00:12,41
8 Jos Van Emden (Ned) Team Jumbo - Visma 0:00:15,50
9 Pavel Sivakov (Rus) Team Ineos 0:00:16,48
10 Frederik Frison (Bel) Lotto Soudal 0:00:19,38

De General

1 Mathieu Van Der Poel (Ned) Corendon - Circus 21:50:49
2 Matteo Trentin (Ita) Mitchelton - Scott 0:00:06
3 Pavel Sivakov (Rus) Team Ineos 0:00:24
4 Jasper De Buyst (Bel) Lotto Soudal 0:00:26
5 Nils Politt (GER) Team Katusha Alpecin 0:00:27
6 Gianni Moscon (Ita) Team Ineos 0:00:33
7 Mike Teunissen (Ned) Team Jumbo - Visma 0:00:35
8 Tanel Kangert (Est) EF Education First 0:00:36
9 Andrey Amador (CRc) Movistar Team 0:00:39
10 Amund Grøndahl Jansen (Nor) Team Jumbo - Visma 0:00:40

Back to Top
CIM LOGO