
Bei der Cyclocross-WM zu Dübendorf an der Schwäiz huet bei den Hären de grousse Favorit Mathieu van der Poel aus Holland d’Course fir sech entscheet. Domat kann de 25 Joer jonke Cyclist säin Titel verdeedegen.
Den Hollänner war vun Ufank u senge Konkurrenten iwwerleeën, an et war schonns fréi ze erkennen, dass hie säin Titel bei Reen an déiwem Bulli an der Schwäiz kéint verdeedegen. Op déi 2. Plaz mat engem Retard vun 1 Minutt an 20 Sekonnen ass den Thomas Pidcock gefuer. Déi 3. Plaz um Podium war fir de Belsch Toon Aerts, dat mat engem Réckstand vun 1 Minutt a 45 Sekonnen op de van der Poel.
Lëtzebuerger stoungen um Sonndeg de Mëtteg bei der Elite net um Depart.
Schonns e Sonndeg de Moie sinn 4 Lëtzebuerger bei de Junioren un den Depart gaangen. Et waren dat de Lëtzebuerger Champion bei de Junioren Mats Wenzel, den Arno Wallenborn, den Tom Paquet an den Noé Ury.
Wéi erwaart haten d’FSCL-Coureuren näischt mam Ausgang vun der Course ze dinn. Als beschte Lëtzebuerger ass de Mats Wenzel als 26. mat engem Retard vun 3 Minutten an 52 Sekonnen op de Vainqueur Thibau Nys aus der Belsch iwwert d’Arrivée gefuer. Den Arno Wallenborn gëtt de 44. op bal 6 Minutten. Den Noé Ury an den Tom Paquet kommen op d’Plazen 48 an 49 mat wäit iwwer 6 Minutte Réckstand.
E Samschdeg, um 1. Dag vun der WM, war d’Christine Majerus bei den Dammen op déi 15. Plaz gefuer an d’Marie Schreiber hat sech bei de Juniorinnen als excellent 9. klasséiert.